13/09/2008 18:41 Alter: 11 yrs

D'Bichelchen am Tirang

Kategorie: 89/2008 - Literatur 89/2008 - Literatur
Author:

?D'BICHELCHEN AM TIRANG ?Wat fir e Buch huet dech am meesch-te beandrockt?" Déi Fro krut ech a men- gem Liewen e puermol gestallt. Ech wousst kees drop z'äntweren. Wat soll een do och soen, bei all deem, wat ee gelies huet? Vi- run e puer Joer ass déi richteg Äntwert mer agefall, a wann ee mech dat haut déit fro- en, ech seet: ?Ma dat war e ganz klengt Bichelche mat manner wéi 20 Säiten. Dat war mengen Elteren hiert Familljebuch, d'Familljebuch vum Peter Rauth an der Eli-sabeth Lerch. Et geschouch op engem Samschdeg-nométteg ugaangs August, an 't war der eng Afenhëtzt. Wat hat ech deemools, an de fofzeger Joren, als 13-järege Bouf an deenen Tiräng vum Kleederschaf am Schlof-zémmer vu Papp a Mamm ze koschteren? Hunn ech no eppes Bestëmmtes gesicht, oder war et bore Virwëtz? Ech weess et net méi; eppes awer ass mer an deene spéide- re Joren a Joerzéngten net méi ausdenkeg ginn. Et war dat éischt Familljebuch, dat ech bis dohinner gesinn hat. Vun 1936 huet et gestaamt, 't war an däitscher Sprooch verfaasst, an dat Ausgefélltent war mat bloer Tënt a gutt lieserlech geschriwwen. Ech hunn d'Nimm vun den Eltere studéiert a mech gewonnert, datt herno aus dem Pe-ter e ?Pier" gouf an aus Elisabeth einfach ?Lisa". Ech hu mech, de Robert, als Eelsten am Bichelche rëmfonnt, mäi Brudder Jean, meng Schwëster Agnes, mä ech hunn nees op déi alleréischt Sall zréckgebliedert. Do war eppes, do stoung eppes, dat ech virdru wuel net iwwersinn, awer vläicht net direkt kapéiert hat. Lo hat ech d'Plaz nees, an do stoung bei mengem Papp mat där schéiner bloer Tënt op wäissen, amtleche Pabeier geschriwwen: ?Peter Rauth, unehelicher Sohn von Helena Rauth..." Ech weess et nach genee: Ech hunn d'Familljebuch nees séier hanneschtge- luecht, hunn zur Fënster vu menger ee-gener Schlofkummer rausgekuckt, déi no hannen op de Flouer gaangen ass, an hu Papp a Mamm gesinn, wéi se mat den Hee-ler an de Grompere stoungen. Ech hu mech op mäi Bett laie gelooss an de Plafang uge-stuerkt, op deem eng fett Spann souz, sou eng déck, wéi ech nach keng gesinn hat. Se huet sech net vun der Plaz gerouert a souz no enger Stonn nach genee sou do. Eis Kanner gouf émmer gesot, d'Grousseltere vu Rueljen, also déi vum Papp senger Säit, wiere well allebéid dout, de Grousspapp souguer scho ganz laang. 54 Wéi meng Mamm mat mengem Papp be- stuet gouf, wier seng Mamm wuel nach op der Hochzäit gewiescht, mä duerno wier déi och geschwë gestuerwen. Firwat sollte mir Kanner dat net gleewen? Ech hu mir deemools och näischt derbäi geduecht, wa menger Mamm hir Mamm, also d'Groussmamm vun där anerer Säit, déi als Witfra bei äis am Stot gelieft, an all gudden Dag, besonnesch sonndes mueres, mat mengem Papp geknoutert a geroost huet, méi wéi eng Kéier sot: ?Ech hätt dat alles missen éischter wëssen, da wier dee mer net an d'Haus komm, sou Kanner si keng wéi déi aner." 't gouf mir lo sonneklo- er, wéi si dat gemengt huet. Nach vill méi brutal goung mir eng aner Späicherliicht op, och wann et e gud- de Strapp gedauert hat: Mäi Papp krut noutgedrongen de Familljennumm vun senger Mamm, also ?Rauth". Wéi géing hien sech da schreiwen, wéi wier och mäi Familljennnumm an dee vu menger Schwëster a vu mengem Brudder, wann dee Mann, dee meng Groussmam an aner Emstänn bruecht hat, sech hirer duerno ugeholl a bestuet hätt? Da wier ech haut net de Robert Rauth, mä de Robert... jo, wéi dann? Déi Fro stoung lo am Raum, se war un d'Spann um Plafang geriicht, mä vun do erfort koum näischt. Ech hunn an deenen Deeg, déi kou- men, kee Wiertchen iwwert d' Famillje- buch laie gelooss, mä op sou engem zer- striddenen a verroostene Sonndegmueren, wéi mäi Papp aus dem Haus an een huele war, meng Mamm gepinscht an d'Doddo (sou hu mir dräi Kanner eis lieweg Grouss-mamm genannt) verbasse wéi émmer dra-gekuckt huet, hat ech de Courage a frot si, wat dat eigentlech géing heeschen, ?sou Kanner wiere keng wéi déi aner." ?Fro deng Mamm!", koum d'Antwert, ?du bass grouss an al genuch, fir et gewuer ze ginn." Den Dag drop réischt huet d'Mamm am Gaart d'Ried fonnt. De Papp war schaffen, d'Doddo souz virum Haus Bou-nen ze pellen, de Jean an d'Agnes waren nach mat der Vakanzkolonie an der Belsch. D'Haaptsaach wousst ech jo aus dem Bi- chelchen, mä lo gouf ech gewuer, datt mengem Papp seng Mamm zwanzeg Joer hat, wéi se hie krut, datt dat 20-järegt He- leen Rauth zu kenger Zäit a bei kenger Fa- mill oder soss engem Mënsch den Numm vum Borscht verroden hätt, deem hatt säin décke Bauch ze verdanken hat. Oder ass et souguer e bestuetene Mann gewiescht, datt hatt duerfir näischt wollt soen? An der Rueljer Famill sollen se gemonkelt hunn, et wier e Schmadd vun der Musel gewiescht, mä wat heescht dat schonns. Dee klenge Peter wier am Stot vun där eelster Schwës- ter vum Heleen mat erduechgeholl ginn. Spéider, wéi hie bei d'Steemetzer goung, hätt hien där Famill souguer dichteg ge- hollef, iwwert d'Ronnen ze kommen, well déi wier och net mat Zoossissen uge- stréckt gewiescht. Jore méi spéit wier d'Heleen dann awer bestuet ginn; mat en- gem Wënzer vu Granech, deen eng 15 Joer méi al war a mat deem hatt duerno nach dräi Kanner krut. ?Glasinger" hätt dee Wënzer sech geschriwwen, an ém de Peter bei der Tatta zu Rueljen hätt kee Glasinger sech jeemools gekémmert. Iwwer dat, wat ech lo alles wousst, hunn ech laang net mat mengem Papp geschwat. Datt hien iwwert mäi Wësse Bescheed wousst, datt meng Mamm him et gepëspert muss hunn, ass mer awer aus méi wéi engem bäileefegen Niewesaz klo- er ginn, wann d'Doddo an hien nees Krich gespillt hunn. Mir sinn an där Zäit éischter Gedanken duerch de Kapp gaangen, déi ep-pes mat deem 20-järege Rouljer Meedchen ze doen haten; dat enges Daags den décke Bauch net méi verstoppe konnt, dat an deem klenge beschassenen Nascht eng Häll muss ausgestanen hunn, an dat fir kee Geld a kee Präis den Numm vum Typ verroden hätt. Dat Meedchen ass deemools bestëmmt vu kengem éierbare Jong méi fir e Kiermesdanz gefrot ginn, dat huet zéng Joer laang misse waarden, bis en eelere Wënzer vu Granech sech senger erbaarmt huet. Ech hunn ënner Granech am Telefons- buch gebliedert, do war kee Glasinger méi opgefouert. Ech hunn de Gemengesekretär vun do ugeruff, deen huet kee Glasinger an sengem Computer fonnt, sot mer awer, déi Famill hätt et ginn, an dee leschte vun de Jongen wier 1946 op lechternach geplén-nert. Ech hunn d'Telefonsbuch nees erbäi- geholl, mä och zu lechternach konnt ech kee Glasinger fannen. Egal wéi, deen hätt mer net vill kënnen hëllefen, dee kann ?de Schmadd vun der Musel" jo och net kannt hunn. Wat ech mer vu mengem Ausfluch op de Granecher Kierfecht, e puer Wochen drop, erwaart hunn, wousst ech och net sou richteg ze soen, mä dat war fir eng Kéi-er kee Metzleschgank. No laangem Siche stoung ech virun engem zougeluechtene Graf, dat enger Famill Glasinger-Rauth ge- héiert huet. Nëmmen zwéin Nimm stoun-gen drop, mä déi si mir duergaangen: Joseph Glasinger, 1872-1945, an seng Fra Helena Rauth 1887- 1940. Dräi Kanner sollen se zesumme gehat hunn, vlächt geséich een se jo Allerhelle- gen hei um Kierfecht, mä ech wousst, dat bréngt dech och net weider. 't ass mer, wéi wann ech deemools op deem Graf mat där friemer Groussmamm geschwat hätt, si no mengem frieme Grousspapp gef rot hätt, si e puermol gef rot hätt ?wat stécht a mir vun deem, wie sinn ech eigentlech?" Eng al Geschicht, déit een haut soen. Se huet mech dräimol déck erféiere gedo- en. Dat Wuert am Familljebuch war eng éischte Kéier. Déi zweete Kéier koum zur Militärzäit, wéi ech, ech weess net méi firwat, e sougenannten Heimatschäin ge-braucht hunn. De Büro fir Heimatschäiner louch an der Dicksstrooss, dee Beamten huet wéi laang an ale Pabeiere gewullt, ouni de Mond opzedoen an huet um Enn gemengt, et wier net schlecht gewiescht, wann ech mäi Papp matbruecht hätt. ?Are Papp muss säin Numm änneren, an Dir och", sot en op eemol, sou wéi nie- webäi; sou wéi wann e géif soen, d'Wieder wier haut nawell schéin. ?Dir misst lech ?Glasinger" schreiwen, ech fannen néi- rends e Vermierk, datt dee Joseph Glasin- ger Are Papp net als Kand unerkannt hätt. Dat do gëtt en décke Problem, besonnesch wou lo och nach d'Arméi am Spill ass. Gitt heem a sot zu /Vern Papp, hie soll an den nächsten Deeg bis laanschtkommen an d'Familljebuch matbréngen." Ech war wéi virun de Kapp geschlo- en, ech weess net, wéi ech deemools mam Zuch heemkoum. Mäi Papp huet geziddert vu Roserei, wéi ech bis ausgepaakt hat, a menger Mamm hir Mamm huet gegëft: ?Gesitt der, 't ass nach laang net alles aus- gestanen!" Wat e puer Deeg méi spéit an der Dicksstrooss geschitt ass, weess ech net; jiddefalls huet mäi Papp, wéi en rëm war, vun arroganten an onfähege Beamte ge-schwat. ?Deen Här war herno nach ?sou grouss", wéi ech em bis gesot hat, wat meng Mamm an ech alles auszestoen ha- ten, an datt kee Glasinger sech spéider ëm mech bekëmmert huet. Jiddefalls kënnt däi 2 0 o blöden Heimatschäin an e puer Deeg mat der Post, op den Numm ?Robert Rauth", verloosss dech drop." Et war och sou. Jore méi spéit, wéi ech selwer op engem Büro souz, ass de Schreck mer eng drëtte Kéier an d'Glidder gefuer. Dee Mann, deen do u meng Dier geklappt hat a rakoum an e Begier hat, huet mech sou verkuebelt, datt ech fir een Abléck kee Wuert rauskrut an nëmme geduecht hunn: Virun dir steet däi Papp! Dee Mann huet mengem Papp ge- glach wéi en Zwilling, just datt mäi Papp dee Moment e gudde Krack méi al war. Ech gesouch lo d'Enn vum Tunnel: Dat do ass e spéidere Fils vum ?Schmadd", lo gëss de gewuer, wien dat war, wéi dee ge-heescht huet. Ech hunn deem Onbekannten, deen sech nach net virgestallt hat, seng Perso-nale gebraucht, an hien huet mir eng Visit- tekäertche gereecht. Ech hu mer d'Adress an d'Telefonsnummer opgeschriwen, frot hien och nach nom Gebuertsdatum, mä dat eenzegt, wat mer virun den Ae gedanzt ass, war säin Numm. A schéinem kursi-ven Drock stoung ?Leo Glasinger" op der Käertchen. ... An ech war bis op deen Dag wierk- lech der Meenung, mäi Papp géif sengem onbekannte Papp, net senger Mamm gläi- chen. Wat huet dee Mann vu mir geduecht, wéi en aus dem Büro goung? Ech hätt him sou gäre gesot, wien ech sinn, hätt hien sou gäre gefrot: "Weess du eppes vu men- gem Papp, dengem Stéifbrudder? Weess du, datt s de deem gläichs wéi eng Drëps Waasser där anerer? Mäi Papp huet also de Glach vun senger Mamm, net vun sengem Papp, well deem kanns du jo net gläichen. Huet deng Mamm och dir kees verzieht, vu wiem hiert éischt Kand war? Krut sie de Baaschtert kees virgeworf vun dengem Papp, deem ale Glasinger? Wou wunnen déng Geschwëster? Gitt der alt op d'Graf, Allerhellegen? All déi Froe si mer duerch de Kapp gaan-gen, gestallt hunn ech net eng, iwwerde- ems ech dem Leo Glasinger säi Begier er- fëllt hunn. Wie sinn ech? Meng éiweg a wichtegst Fro war nees op der Tapéit. Deen eidle Stull, op deem mäi Stéifmonni lo grad nach souz, konnt mer et och net soen. Josy Braun 55


Dateien:
PDF(683 Kb)

89/2008 - Literatur

p.  1