13/09/2008 18:41 Alter: 11 yrs

Vum Enid Blyton bis bei de Brecht

Kategorie: 89/2008 - Literatur 89/2008 - Literatur

D'Carrière vun engem Bicherwuerm E t wor en donkelbloe Pakpabeier, mat deem d'Bicher agebonne woren, fir datt näischt sollt dru kommen. Dorop wor schéi propper eng wäiss Etikett gepecht, wou op der Hand den Titel vum Buch geschriwwe stoung. An all déi Bicher am selwechte Blo stoungen a groe metallene Schief an en- gem klenge Raum iwwert dem Turnsall vun der Schoul, deen némmen zu bestémmten Zäiten op wor: d'Schoulbibliothéik. Do souz dann e Schoulmeeschter oder eng Léierin, déi sech ém d'Bicher gekémmert huet. Ouni d'Bild um Deckel ze gesinn, konnt een natierlech schwéier soen, ob d'Buch engem géif zousoen. Ee Buch nom ane-ren hunn ech also missen erausféschen, opschloen an duerchbliederen, fir ze gesinn, ob et derwäert wier, matgeholl ze ginn. Na- tierlech, et gouf "valeurs sûres", wéi d'Enid Blyton, mee där haten se der net viii. Bei anere wousst ech schonn, wann ech den Numm vum Auteur gesinn hunn, datt et net a Fro kéim. Karl May zum Beispill: Do hat ech eng Kéier dra gekuckt, well dee jo awer d'Winnetous-Geschichte geschriwwen hat. Mee déi Bicher woren net faarweg an op- 56 regend wéi d'Filmer mam Pierre Brice, déi mir an de Kino kucke gaang sinn, dat woren déck Schmökeren, heinsdo suguer nach an aler Schréft gedréckt. Näischt fir mech! Streng Spillregelen Wann een da säi Choix gemaach hat a Bicher wollt ausléinen, dann huet d'Léierpersoun an enger Kartei mat Kar- tongs-Fiché gewullt. All Kand, dat Bicher ausgeléint huet, hat esou eng Fiche. Op där sinn d'Bicher opgeschriwwe ginn, déi ee matgeholl huet. Et gouf émmer eng ma-ximal Zuel u Bicher, déi een huet dierfen ausléinen, an émmer e leschten Termin, op deem een se huet missten erémbréngen. Dat mam Termin wor fir mech kee Problem, awer déi limitéiert Zuel vun de Bi- cher, dat wor méi blöd. Ech hu meeschtens schonn um Wee fir heem ugefaang, déi éischt Säiten ze liesen. Doheem ukomm, hunn ech mech um Canapé installéiert, an da gouf just nach gelies. Ech wor vun Ufank un eng Schnell-Lieserin, awer manner, well ech en As am Liese gewiescht wier, wéi aus Virwélz. Landschaftsbeschreiwungen an aner méi laangotmeg Passagen hunn ech systematesch op der Säit gelooss, gezielt huet d'Spannung. Op déi Manéier wor ech meeschtens an e puer Stonnen mat engem Buch fäerdeg, an dat nächst ass un d'Rei komm. An der Primärschoul hunn ech esou viii däitsch Bicher gelies, datt mer a men- gem Kapp d'Wierder op eemol op Däitsch koumen. Mat deem Tempo hat ech meng aus- geléinte Bicher natierlech émmer längst fäerdeg, ier d'Schoulbibliothéik erém opge-maach huet. An a kierzester Zäit hat ech déi Bicher duerch, déi ech mengem Alter no zegutt hat. Et huet een nämlech némmen dierften déi Bicher léinen, fir déi ee scho grouss genuch wor. Do huet een da ganz fréi scho misse Verhandlungsgeschéck ent- wéckelen: dHanni und Nanni"-Serie wor nach relativ einfach ze kréien, mee "Fünf Freunde" a "Schwarze Sieben", dat wor anscheinend nach näischt fir mäin zaart Gem itt. Meng Elteren dogéint hu mech gewäer- de gelooss. Mir haten ausser de Bicher, déimer fir d'Kommioun krut hunn, an e puer Tintinën net vill Rars u Kannerbicher. A wann si all déi Bicher hätte misste kafen, déi ech do am Schnelldurchgang konsuméiert hunn, wieren se aarm ginn dobäi. Déi Zäit, wou ech gelies hunn, wor ech och roueg. Ech hunn d'Welt ronderèm mech vergiess. Ech hunn alt héckstens d'Neel gebass, well d'Buch dermoosse spannend wor, oder ge- kickelt iwwert witzeg Dialoger. Mat deem Geschéck wor ech also schnell duerch de Bicherstock vun der Schoulbibliothéik, an et wor nèmme gutt, datt mer matzen an der Primärschoulszäit vun engem Quartier an deen anere geplèn- nert sinn, fir datt ech an där neier Schoul rèm neit Fudder krut. Meng Mamm huet mer aus der Gemengebibliothéik och èrn-mer mol rèm Bicher matbruecht, wann si der fir sech léine gaang ass. An heinsdo huet se meng souguer mat gelies. lergendwann wor ech selwer grouss genuch fir an d'Gemengebibliothéik. Déi wor deemols, ugangs de Siwwenzegerjoren, op der Theaterplaz, do wou haut d'Crèche ass. Fir eng Strutz wéi mech wor dat eng impressionant Saach, wann ech déi puer Trape vun der Entrée vum ale Gebäi han-nert mer hat, an d'Fliggeldir zur Bibliothéik opgemaach hunn. Et wor e langgezunnene, breede Gank, laanscht deen sech op zwou Säite Bicherregaler gereit hunn. An um Schluss vun deem laange Gank stoungen d'Kannerbicher. Awer do virdrun gouf et nach eng Hürd ze huelen. Grad virum Kanner-Rayon wor nämlech e Pult, an han-nert dem Pult soutz eng Damm mat enger heesser Stèmm, dat wor d'Bibliothekarin. Déi hunn ech èmmer e bèsse gefaart. Awer réischt wann ech bei hir meng al Bicher ofginn hat, hunn ech endlech kènne bei d'Regaler mat där Hällewull vu Kanner- a Jugend bicher. Fënnef Frang d'Buch An dèser Bibliothéik huet alles vill méi faarweg ausgesinn, well d'Bicher woren an engem duerchsichtege Plastiksaband. Am Ufank huet et mer geschéngt, wéi wann et der onendlech vill wieren. Och an der Ge- mengebibliothéik huet een awer nèmmen dräi Bicher diene mathuelen, a virun allem, et huet ee misste bezuelen, fènnef Frang d'Buch. Niewt deene kènnege Saachen hunn ech hei och nei Autorinnen an Autoren ent-deckt. Spannend Geschichten iwwer Päerd, Kazen an Hènn, Kannerkrimien, awer och Exemplairen vu "Was ist Was" an aner Sachbicher. Mee och an der Gemengebib- liothéik goufen et Saachen, fir déi ech nach net grouss genuch wor: Déi Kéier goung et èm d'Léift. Ah, déi wonnerbar Serien, wéi " Bea- te" vun der skandinavescher Autorin Ber-te Bratt, wou jonk Fraen an afrikaneschen Urwaldstatiounen wëll Déiere gepflegt an sech dobäi an de Véihdokter verléift hunn! Oder déi um Matterhorn eng Pensioun gefouert hunn an sech dobäi an de Berg- führer... Oder déi puer "Suzanne Barden"- Bänn vun der Helen Dore Boylston, wou et èm eng daper Krankeschwèster goung, déi sech an en Dokter... lergendwann hunn ech awer och hei gemierkt, datt ech aus deene véier-fènnef Bicherregaler dat Interessantst erausge- pléckt hätt. Gutt datt een iergendwann endlech och bei d'Erwuessebicher huet dierfen. Dunn hunn ech mol fir d'éischt ugefaang, mech mat der Opstellung vun de Bicher ze beschäftegen. lwerall un de Regaler houngen nämlech Schèlter mat Themen a komeschen Zifferen, déi wéi Te- lefonsnummeren ausgesinn hunn. Mat 940 ass alles ugaang, wat mat europäescher Geschicht ze dinn hat, 830 wor fir däitsch Literatur. An op de Bicher woren déi sel- wecht Nummeren mat Etiketten opgepecht. Vill méi spéit hunn ech réischt verstan, datt dat keng Erfindung vun der Bibliothéik wor, mee en internationale Klassifikatiouns-Sys- tem fir Bicher, den Dewey. Enges Daags bloufen op der Theater- plaz d'Diren zou, d'Bibliothéik ass an de Centre Hamilius geplènnert. Do wor et méi hell a méi frèndlech, an et hat ee beim Bliederen eng Vue op d'Bus-Gare. A virun allem gouf et méi Plaz fir d'Bicher. Hei hunn ech eng Saach entdeckt, déi mer virdru kaum opgefall wor: d'däitsch Ly-rik. Dat wor wuel déi éischte Kéier, datt ech wierklech mat Genoss méi gescheit Saachen gelies hunn: Marie Luise Kaschnitz, Bert Brecht, Mascha Kaléko, Günther Eich, Erich Fried, Sarah Kirsch, an, an, an... Wéi wa mer eng Späicherliicht opgaang wier, hunn ech dunn déi "seriö" Literatur entdeckt. An der Schoul hat ech mech fir Sproochen decidéi-ert, a mir si vun eise Proffen ugehale ginn, ze liesen. De Problem mat der maximaler Zuel vu Bicher, déi een huet dierfte léinen, gouf et awer èmmer nach. Mee iergend-wann krut ech deen och geléist. Entretemps wor nämlech d'Thomas-Mann-Bibliothéik opgaangen, sou datt ech eemol d'Woch net nèmmen an de Centre Aldringen, mee vun do duerch de Park an dat neit Gebei vun der Croix-Rouge gepilgert sinn, wou d'Goethe-Institut sech mat senger Bibliothéik nidder- gelooss hat. Niewt Auteurè wéi Hesse, Frisch oder Dürrenmatt, déi mer och an der Schoul gelies hunn, hunn ech do och Leit aus der DDR fonnt, wéi d'Christa Wolf zum Beispill, oder d'Irmtraud Morgner. E puer Joer drop ass dunn nach eng aner Dir an d'Bicherwelt fir mech opgaang: d'Nationalbibliothéik. Mäi Papp won en älfrege Liesen do, hie koum meeschtens heem mat Beschreiwungen iwwer Autos- mechanik oder Medezin, heinsdo won mol eppes iwwer Lètzebuerger Geschicht drèn-ner. Awer fir an déi Bibliothéik huet ee mis- se groussjähreg sinn. Knapps won ech 18 Joer al, koum ech an de Besètz vun enger grénger "Carte de Lecteur". Déi hunn ech nach haut, mat grousse Buchstawe steet do main Numm dra geschriwwen, a meng Pro- fessioun: "Étudiante". D'Nationalbibliothéik, dat won eppes wéi eng Bicherkathedral fir mech. Alles huet Ehrwürdegkeet ausgestrahlt: Mar- morsbiedem, héich Plafongen, an der- tèscht ee Bicherregal um aneren mat décke Katalogen a Fachbicher. Et won och feier- lech roueg wéi an der Kierch, besonnesch an de Liessäll, wou meeschtens eeler Häre mat Brëller soutzen, Bicher ze studéieren. Einfach Romanen oder Krimien wéi an der Gemengebibliothéik sinn et der hei kaum ginn, Bicher speziell fir Jonker scho guer net. An déi Bicher, déi ee wierklech inter- esséiert hunn, wore verstoppt, et huet ee misste Kartongsfichen mat dräimol deene selwechten Donnéen ausfëllen, fir se ze be- stellen. Dovu krut een dann herno ee Flil- lek erofgerappt fir ze halen, een ass an der Kartei versuergt ginn, an ee koum als "Té-moin" op dem Buch seng Plaz stoen. Wéi et fir d'éischt Fiche mat Duerchschlagpabeier gi sinn, won dat eng kleng Revolutioun. Mee dat won vill méi spéit, do won meng Bibliothéiks-Carrière schonn eriw- wer, zumindest déi als Bicherwuerm. Ouni et ze mierken, won ech de Bibliothéiken ontrei ginn. Ech hat de Kino entdeckt, an dat richtegt Liewen hat jo och eppes ze bidden. Wéi ech bis mäin éischt Geld ver- déngt hunn, hunn ech mer et fir d'éischt geleescht, meng eege Bicher ze kafen. An da gouf et nach e Konkurrent, deen de Bi- cherwuerm èmmer méi vun vun der Litera-tur ewechbruecht huet: d'Sachbuch. Wann ech mer d'Zäit geholl hunn, fir Bicher léinen ze goen, da won et bal just nach fir beruff- lech oder Studienzwecken: Fachbicher, Ar- tikelen an al Zeitungen hunn et misse sinn. De Wee an d'Gemengebibliothéik hunn ech èrnmer manner oft fonnt. Awer d'Loscht um Liesen, déi kènnt nach heinsdo erèm. Wat Ott et méi Schéines, wéi sech duerch e spannende Roman ze liesen, eng Stonn, zwou Stonnen, dräi, bis engem d'Ae bal zoufalen. A laang no Mètternuecht eréischt déi lescht Säit èmzedréinen, mat Nostalgie, well d'Geschicht schonn eriwwer ass. Mee fannt mer emol sou e Buch. An och nach d'Zäit ze liese fir derbäi. Renée Wagener 57


Dateien:
PDF(1.0 Mb)

89/2008 - Literatur

p.  1