30/06/1994 17:57 Alter: 25 yrs

Déi Stonn ier de Fliger goung

Kategorie: 46/1994 - Neudorf 46/1994 - Neudorf
Author:

?Del Stonn ier de Fliger goung duecht de Lëtzebuerger, soss séizen déi nët ëm dès Auer hei mat der Kaart ze spillen. ?Was spielen die da für ein Spiel?" frot de Preiss. ?Whyst", sot de Lëtzebuerger. ?Aja, das kennt man auch hier!" De Lëtzebuerger huet nees gelaacht, mä an engems op d'Zänn gebass an am Rescht Kaffi geréiert. Een Ablack wollt en dem Preiss son, hei wire fréier e puer Brauereie gewiescht, mä en duecht, wat soils d'engem vu München dat op d'Nues bannen. Der Schécks hire Kaffi war gutt a säustaark; jiddefalls bes-ser, wéi deen uewen an der Stad nom Mëtteg- iessen. D'Gehummers dobäusse goung nees lass. ?Gibts einen Steinhäger hier oder sowas ähnliches?", frot de Preiss an hat d'Regaler hannert der Téik am A. ?Quetsch", sot de Lëtzebuerger automa-tesch. En huet d'Meedche geruff. Lo wollt de Preiss wëssen, ob den ?Tax free" hei intressant wir. De Lëtzebuerger sot, hie géif scho men- gen. ?Nicht viel los hier, an den Werktagen", sot de Preiss. De Lëtzebuerger hat kee Quetsch matbe- stallt. En huet dee leschte Whisky vum Owend virdrun nach am Kapp sëtze gehat. De Preiss huet op den Ticket nieft dem Quetsch gekuckt. ?Nicht mal vier Mark!", sot en, ?und mehr als drei Zentiliter. Schmeckt irgendwie nach frischem Slibowitz". Aarschlach, duecht de Lëtzebuerger. Mä d'Mooss war dem Meedche wiirklech gutt geroden. E Gléck, datt de Pol dat nët matkritt hat. ?Mein Vater war damals kurz in Luxem-burg; vierzig, beim Durchmarsch nach Bel- gien; hat er mal erwähnt." ?Der Werner Fink auch!", sot de Lëtze- buerger. ?Er hat in seinem Buch geschrieben, wir seien ein komisches Volk; wir hätten am Straßenrand gestanden und zugesehen; mit den Händen in den Hosentaschen." De Preiss huet haart gelaacht. De Lëtze- buerger huet sech heemlech iwwert sech sel- wer geiergert. Déi Dräi um Kaartendësch hate lo eng haart Diskoussioun, well een, wéi et schéngt, nët bekannt hat. De Preiss huet op d'Auer gekuckt. ?Ich glaube, wir müssen allmählich". De Pol koum mat der Krätsch äus dem Hannerhaff. Säi Jéngst as verschwonnen, ouni eppes ze son. ?Moie Pol", sot de Lëtzebuerger. ?A salut", sot de Pol, ?hues de de Lotto scho gemaach?" ?Ech kommen herno rëm; oder muer", sot de Lëtzebuerger. ?Das habe ich verstanden", sot de Preiss, ?ist das unser Lotto?" ?Jaja", sot de Lëtzebuerger an as opgesta-nen, fir ze bezuelen. Wéi s'äus dem Neiduerf rails waren, wollt de Preiss nach wëssen, wat dat mat deem Numm ?Findel" op sech hätt; ?klingt doch deutsch!" Hie wéisst dat och nët, sot de Lëtzebuer- ger. Lo war en e gläich lass. josy braun 27 'T 1 war en hondsgewéinlechen Dag an der Woch. D'Wieder war grad sou. 'T huet nët gereent, mä den Himmal war zou, an 't konnt all Ablack ufänke mat sabbelen. Mueres hat et well gefisemt. De Lëtzebuerger sollt ee vu München op de Finde! féieren. De Fliger goung ëm fënnef, mä 't war réischt kuurz no dräi. De Preiss hat deen Owend virdrun am Cercle iwwert d'Si-tuatioun an den neie Bundesländer geschwat ? a gutt geschwat ? mä dee ganzen Owend a lo nach d'Mëttegiesse mat him zesummen, goung dat dem Lëtzebuerger duer. Hien duecht just nach u fënnef Auer, mä 't as ee jo héiflech. Den Dag war souwisou am Eemer. ?Braustübl, das klingt doch deutsch!", sot de Preiss. Se ware just do laanscht gefuer. De Lëtzebuerger huet eng Grëtz gelaacht, mä nët drop geäntwert; en hätt och nët richteg gewousst, wat. De Preiss wollt nach anzwousch ?einen guten luxemburgischen Kaffee" drénken; de Lëtzebuerger duecht, da fiers de mat him heivir bei de Pol. De Pol hat eng Wiirtschaft eppes méi uewenäus a stoung, zënter e viru séngem Häus ugestouss gi war, mat enger Krätsch hannert der Téik. En hat och Lottoschäiner. Se souzen do mat de Läffelcher am Kaffi ze réieren. De Pol war nët do; séng Strutz vu véierzéng, fofzéng huet zervéiert a Knätsch geknat. Dobäusse bei der rouder Schantjens- luucht huet ee mam Presslofthummer geroost. Wann et gréng gouf, as de Portugis riwwer op den Trottoir gaang an huet d'Autoe laanscht gelooss. ?Wat as dat en houere Kaméidi!", sot ee vun deenen Dräi am Eck. Se hun eng Parti Whyst gedresch an de Béier äus Klensche gedronk. Jonk Kärelen. Hare Chômeuren,


Dateien:
PDF(294 Kb)

46/1994 - Neudorf

p.  1