07/06/1999 18:30 Alter: 20 yrs

Dem Jippchen seng jonk Joren

Kategorie: 61/1999 - Fünfziger Jahre 61/1999 - Fünfziger Jahre
Author:

Dem Jippchen seng jonk Joren De Jippchen huet net grad alles matkritt vun deem, wat den Inspekter mam Schoulmeeschter op franséisch getuschelt huet. Eent krut e mat: 't goung ëm hien, a weder de Schoulmeeschter, nach den lnspekter war begeeschtert, datt hien nom siwente Schouljoer sollt an d'Belsch bei d'Patere goen. Se hunn och vun senger Mamm geschwat, an de Schoul- meeschter huet dobäi d'Schellere gezunn. 't war net dem Jippchen seng Iddi gewiescht; mol senger Mamm hir net, 't war der Meeschfra hir. Dem Jippchen seng Mamm huet d'Meeschfra ni anescht wei ?d'Meeschmadame genannt", well ?a Meesch", dat war en décke Bauerenhaff, an do huet de Jippchen no der Schoul an an der grousser Vakanz d'Kei gehutt. D'Meeschfra war eng ganz fromm; si hat hire samette Bietstull an der éischter Rei um Ducksall, an se hat e Paschtouer an der Famill. Eng Kéier sot se zum Jippchen senger Mamm: ?Elis, du muss de Jippchen onbedéngt op Cinq-Epis bei d'Pateren doen. Eisen Här seet, dat wir eng ganz gutt Schoul, an de Jippche get bestemmt Geeschtlech. Wat wier dat eng Eier fir d'Duerf, Elis!" Dat war 1950 ?d'Orientation scolaire" fir de Jippchen, well sou schéin hat nach kee mat senger Mamm geschwat. Cinq-Epis war deier, an dem Jippchen säi Papp war nëmme Steemetzer. Mä de Jippchen huet den Opnahmeexame gepackt, an d'Mamm ass tëscht Metzler an Epicene vun Houfert bal gebascht. An hirer Famill hat nach ni ee stodeiert, an am Jippchen sengem Papp senger och net. Nach en aneren ass bal gebascht: de Pasch- touer aus dem Duerf. Sonndes, nodeems de Jippchen den Exame bestanen hat, huet de Paschtouer dem Massendénger Jippchen an der Sakristei eng geprafft, datt deen d'Stäre gesinn huet. Wat hie fir en Tuppi hätt, huet deen am Sürpli gebillt, an de Jippchen huet näischt verstanen, well hien hat dat Wuert ?Tuppi" nach ni héieren. ?Dee konnt déi kleng Leit nach ni ausstoen", huet de Papp doheem gegrommelt, an dat war alles. De Papp hat awer recht, well e puer Joer méi spéit krut de Jippchen dat nach eng Kéler ze spieren. Hie war vun doheem aus gutt erzunn, 1950 war en hellegt Joer, an hien huet näischt derbäi fonnt, datt zu Cinq-Epis scho mueres ëm halwer siwen d'Mass, duerno Silenz bis nom Kaff war, an datt all Owes an där grousser ?Etude", no den Hausaufgaben an dem Léiere fir deen anere Mueren, de Rousekranz gebiet gout een Dag op franseisch, deen aneren Dag op Latäin. Sonndes mueres waren zwou Massen, nomëttes eng Vesper an owes eng Andacht, a virun der Andacht ass de Rousekranz nawell gebiet ginn. No e puer Wochen hat de Jippchen sou en Houf op de Knéien, datt hien hätt kenne stonnelaang an der Kierchebänk, op der Kommiounbänk oder am Beichtstull setzen. Nieft dem Latäin an dem Griicheschen an zeng anere Fächer huet hien och geléiert Harmo-nium spillen. An de Joren duerno huet en souguer an der Vakanz doheem dem Paschtouer d'schwaarz Massen op der Uergel gespillt; well wäertes jo keen Organist do war. De Paschtouer war eng Grëtz méi frëndlech ginn, mä 1956, matzen am zweeten Trimester, wei de Jippchen enges Mueres just d'Requiemsmass gespillt hat, koum de Paschtouer rop op den Ducksall gekäicht an huet de Jippchen vun der Uergel rof gedämpt. De Jippche wier jo guer net méi zu Cinq-Epis, an eng verkraachten Existenz bräicht heiheem och keng Uergel ze spillen. D'Mamm war doudonglécklech, well de Jippchen eb o méi wei sécher ni méi Pater géif, an de Papp war spannebéis. ?'t war d'Geld an den Dreck gehäit" huet e geroost. D'Mamm wollt zérigmol am Dag wessen: ?Firwat, Jippchen?" De Jippchen hätt jo kennen aus der Schoul schwätzen, mä 't hätt souwisou keen him eppes gegleeft. Wei gescheit et war, fir demools an eng belsch Schoul ze goen, dat huet hie reischt kapéiert, wei se him am Stater Kolleisch gesot hunn, hie kennt lo net einfach an der Stad op Troisième viru fueren, well dee belsche ?Passage" wier heiheem net unerkannt; hie misst nach eng Keier op Quatrième ufänken. ?Gesäis de", huet de Papp owes d'Mamm vernannt, ?dat hues de där Meeschquisel ze verdanken!" Fir de Jippchen waren d'Wierfele gefall, hie goung eeriicht bei drZaldoten op den Härebierg. Do war hie kee Stodent méi, mä en lesel, e Rëndvéi, en Hornochs, e liddrege Sak, eng Panz, e Moustuckert an nach e puer aner Gestalten aus dem Repertoire, deen d'Enneroffizeier mat aus der Wehrmacht bruecht haten. ?Ech ginn awer och kee Flic a keen Douanier", sot de Jippchen e puer Méint méi spéit zum Papp, an d'Mammhuet alt nees gekrasch. Mä knapps ier déi zwielef Méint Härebierg ëm waren, sot si zum Jippchen: ?Ech hu mam Här Stensel geschwat, se huelen dech op der Fabréck. Géi dech virstellen, well du gëss lo ni méi eppes Besseres." ?Op der Fabréck", dat war an der Eisegéis- serei um Nopeschduerf, an 't gouf dem Jippchen seng éischt Aarbechtsplaz: den Akaf, e klenge Büro, deen hie mat engem klenge Männche gedeelt huet; e klenge Männchen, dee vu mueres bis owes Zigrette gefëmmt huet. De Jippchen hat lo nonzéng Joer an huet seng éischt Sue verdéngt. 't waren der net viii, mä ?sief es zef ridden", sot de Papp, ?eng besser Plaz kriss de keng ouni Schoulofschloss". 't war dem Jippchen zimlech egal, well d'Mamm huet him d'Pai souwisou ofgeholl. Se huet him sonndes zweehonnert Frang ginn; fir d'ganz Woch. ?Dat ass esou", sot si; ?wann s de grouss- järeg bass, da kanns de deng Pai halen, mä da bezills de mer awer d'Wäsch an de Kascht." Hien hat keen Auto; ëm 1957 hat kee jonke Kärel aus dem Duerf en Auto. Samschdes ass hien an d'Duerf op déi Keelebunn Keele spule gaangen, wou en zéng Joer virdrun d'Keelen opgeriicht huet. Sonndes mëttes ass e mat e puer aneren aus dem Duerf mam Zuch op Bëlleg ?bei de Musik", bei den Hengen a bei den Zimmer danze gefuer. De sonndesse Kostüm un a Brillan- tine op d'Hoer, a schonns konnt ee beim Tango, ënnert de Spigele vun der Tangoskugel d'Mee-dercher eng Grëtz méi fest ëm d'Taille huele wéi néideg. Frech konnt ee souwisou net ginn, well de Meedercher hir Eitere souzen ni méi wéi zwee, dräi Meter vun der Danzpist ewech. Em aacht Auer huet ee schonn nees missen op d'Bël-leger Gare trëppeln, well véierel op ass dee leschten Zuch gefuer, deen doheem nach gehalen huet. Eb o sinn ech groussjäreg, duecht de Jipp- chen 1959, an ech hunn nach ëmmer keng Freiesch. Beim Militär hunn s'alleguerten ëmmer déck geschnësst, mä wann s'owes vum Häre- bierg rof an Dikrech gaange sinn, dann hunn s'a véier, fënnef Wiertschafte viii Béier gedronk, an dat war et och schonns. Zu Bëlleg oder op der Kiermes doheem ass och ni eppes geschitt. Mä lo, 1959 koum dofir alles beieneen, an dat nawell knëppelhaart: De Jippchen gouf fir dräi Wochen an de Manöver an der Champagne rappeléiert. An do huet eng franséisch Serveuse sech de Jippchen giedlech op d'Long gezunn. D'Françoise war bestuet, säi Mann war Ennerof- fizéier, mä wäit wech an der Algérie. De Jippchen souz all Owend an deem Bistrot, wou hatt zervéiert huet, huet d'Museksbox gefiddert an sou dacks mam Françoise Tango gedanzt, wéi et tëschenduerch nëmme gaangen as. No Feier-owend huet en dobaussen op hatt gewaart, an hatt huet hie mat heem geschleeft. 't war e butzeg klengt Haischen um Enn vu Sissonne, ënnert dem Bett louch e grousse schwaarzen Hond, mä deen huet keng Oder am Leif gerouert, wann d'Fatze geflu sinn. Réischt spéit an der Nuecht huet de Jippchen sech ? heem" an d'Kasär geschleeft. Déi hat genuch Lächer, wou ee konnt raschlaufen. Wéi en heem koum, huet d'Mamm him an aller Opreegong verzielt, de Paschtouer séiz am Prisong wéinst enger Affär mat e puer Massen- anger. Wat dat fir eng Welt wier, huet se lamentéiert, mä de Jippchen huet zréckuetesch geduecht an net viii geäntwert. En huet senger Mamm mol net gesot, datt en op der Fabréck gekënnegt hätt. Iwwerem Pake sot e just, hien hätt zu Esch eng aner Plaz an och en Zëmmer. Datt hien e Kredit vun 20.000 Frang opgeholl hat fir en Occasiounsauto ze kafen, sot en net, well seng Mamm hätt e Schlag kritt. An hirer Famill war ni, ni Schold gemaach ginn. Josy Braun Norbert Ketter, 1961 13


Dateien:
PDF(553 Kb)

61/1999 - Fünfziger Jahre

p.  1