08/03/2003 15:10 Alter: 16 yrs

D'Stäre vu Sissi

Kategorie: 73/2003 - Kindheit 73/2003 - Kindheit
Author:

?Et war lo fir d'Drëtt, ech wëll och dat anertJoer nees dohin; zwou Wochen ënnert dem kreteschen, donkelbloen Himmel, d'Wieder, de Stress, och Gesiichter vun doheem einfach vergiessen; beim Mier sët- zen, d'Welle genéissen, déi sech virun denge Féiss briechen an dir hir Gëscht iwwert de ganze Kierper sprëtzen. Net manner léisst mech den Nuetshim- mel lass, deen onendlech kloren, gestache schaarfe Stärenhimmel iwwer Kreta. Hien ass mat dru Schold, datt ech lo fir d'Drëtt an deem klenge fréiere Fëscherduerf vu Sissi war. All eenzelen Dag hunn ech mech op den Owend op mengem klenge Balcon gefreet. Zoufall oder net, déi dräi Kéieren, wou ech lo do war, stoung e groussen helle Voll- mound iwwerem Duerf, iwwerem Mier. En hat mech schonn dat zweet Joer derzou ver- fouert, fir eng Spektiv matzebréngen, deem klenge Brudder vun eisem Globus méi no ze kommen, seng Bierger, Dällten, Triichteren eenzel betruechten ze kënnen, déi waarm Lanter, déi einfach sou um Himmel hänkt, unzekucken. De Vollmound ass eng Chance, e Glécksfall; seng ronn Scheif ass nëmmen e puer Deeg laang perfekt, duerno bréckelt de rietse Rand lues a lues of. Mäsouwisou huet dee samettschwaarzen Himmel nach méi ze bidden: d'Stären iwwer Sissi. Ech hat mer déi Spektiv spéit kaf, 't ware mer ëmmer ze viii Suen, ech hunn ëmmer nees gezéckt, obwuel ech mer schonn hon- nertmol dés Knéckegkeet virgehäit hat, wann ech op menge Spazélerweeër iwwert d'Gewan Vigel gesouch, déi ech net erkenne konnt, e Fliger erbléckst hunn, dee mer net kënneg virkoum, oder um Rand vum Bësch Réi stoen hat, déi ech gäre vu méi no gesinn hätt. Datt ech déi Suen ausginn hunn, huet mer awer ni méi Leed gedoen, nodeems ech duerch d'Spektiv dëse Stärenhimmel ent-deckt hat. Scho mat bloussem A gesäit een op Kreta där Stäre bestëmmt nach eng Kéier sou viii wéi doheem, mä mat där Koppel Ver- gréisserungsglieser geet lech en Himmel op, wéi der lech kees ee virgestallt hätt. Et sinn der op eemol masseg méi, an se sinn net nëmme vu wäisser Faarf: och mol goldegiel, bloelzeg, souguer rout; an am Rhythmus vum eegene Bolsschlag zidderen s'eng Grëtz virun der Spektiv, wéi Nuetsfénkelcher. Op sou engem spéide Juniowend souz ech op mengem Balcon mat der Spektiv an engem Glas kretesche Wäin an hunn d'Rou genoss, déi iwert den Diech vu Sissi an iwwe- rem Agäesche Mier louch. Eng eenzeg schwaach Liichtche vun engem Fëscherboot war wait dobaussen ze gesmn, mä héich dodriwwer!: Eng Stärepruecht, déi een d'Welt dodrënner vergiessen deet; eng Onendlechkeet, déi een allen Eeschtes kann dronke maachen. Ech hat d'Spektiv well eng Zäitchen aus der Hand geluecht, wollt och kengem eenzele Stär méi op d'Fiischt récken, mä just nach an den Himmel kucken, d'Ge-danke fléie loossen. Et ass e gudden Dag gewiescht, voller Sonn, voller Jasmin-, Ros- mann- a Salbeigeroch, de Salzgeschmaach vum Mier, d'Spiere vum Sand ënnert de buerbesse Féiss, d'Laache vun de Kanner am Waaser, d'Stëmm vun engem Papp, deen ënnert dem Sonnepräbbli sengem klenge Meedchen eng Geschicht virliest.cl Glécklech Kanner haut, denken ech; se fléie schonn als Puppelchen Dausende vu Kilometer an d'Sonn, bei e waarmt Mier, émgi vun honnerterlee Kammouditéiten, Spillsaachen a Schneekereien, vun deene mir mol net dreeme konnten, well mer se net kannt hunn. Haut de Mueren, beim Kaffi, ass e klengt Meedchen sech e grousst Stéck Waassermeloun un de Buffet siche gaangen, an d'Stéck ass him um Wee fir zréck un den Dësch vum Teller gerëtscht an op de Buedem gefall. D'Clio, sou huet seng Mamm et geruff, huet net gekrasch, d'Stéck och net opgeraf, 't ass sech einfach en neit siche gaangen .Wat hate mirdeemools als Kanner? Oder besser gefrot: Wat hate mer net?, déi Léscht géif mél laang. An d'Vakanz hu mer doheem um Flouer oder am Bësch ver- bruecht; héchstens mol eng Woch bei enger Tatta um Nopeschduerf. Et geschitt mer eppes, dat mech ver- wonnert. Ech wëll no der Spektiv grärfen, mä ech spiere mech ze midd derfir. Ech ire mech awer net: Héich iwwert d'Insel zitt e Star, e Koméit, e Satellit, eng Weltraumstatioun, et dauert knapps eng Minutt, dann ass dee séleren helle Star schon nees hannerem Hori-zont verschwonnen, vldicht lo iwwer Knos-sos ze gesinn. Eng Weltraumstatioun iwwert dem Minotaurus sengem Labyrint, iwwert dem Dädalus an dem Ikarus hirem Prisong. D'Zäit spillt verréckt. Mä lo steet de Stären- himmel nees stell. 't ass net wouer, ech ire mech och des Kéier net: Den Owesstdr, déi siwe vum grousse Bier an nach anerer, déi ech net mam Numm weess, hunn sech verännert, hu lo richteg Gesiichter. Gesiichter, déi ech ken- nen, mä aus wat fir enger lait? Dommen! Dat si Kannergesiichter, Gesiichter aus den- ger eegener Kannerzäit, Kanner, mat deenen s du gespillt hues! Mäi Gott, do sinn der, drën- ner, déi well laang dout sinn, déi schonn als Kand gestuerwe sinn, déi s du als Schoul- bouf, als Massendénger mat begruewe goungs! Dat klengt Maisy zum Beispill. 't hat nach keng fennel Joer, dleit am Duerf hu verzielt, 't wier ënnererniert gewiescht. D'Famill huet am alen Hierdenhaus gehaust, se haten eng ganz Hickecht Kanner, ech weess d'Nimm net méi all. An e Bouf, em deem seng oppe Lued mir als Schoulkanner ze bieden an ze ale stoun- gen. ?Gesäit de Robbi dann net aus, wéi wann e Oil schlofen!" , frot säi Papp dis, an d'Tréine sinn him dobdi d'Bake rol gebockelt. Hien hat dat gefrot, wéi wann et de Robbi nees kennt lieweg maachen. De Robbi war un der Schwindsucht gestuerwen, deemools hunn ech dat Wuert fir d'éischt héieren, duerno net mél dacks. An de Fraassi! An de Marss! Bal nief-teneen! Marss, wat méchs du dann do uewen? Hunn ech verpasst, datt s de gestuer- we bass? No eiser Schoulzdit hunn ech dech ni méi gesinn. Ech weess awer nach gutt, datt de Schoulmeeschter dech eng Kéier fierch-terlech lassgezunn hat, well s d'e Vullen- nascht geplëmmt has. An du waars och kee Gudden, Fraassi. Du hues mir mol gewisen, wéi ee Fräsche pisackt, mä du hues fuercht- bar bezuelt derfir: eng Granat, déi net explo- déiert war, ass um Enn awer explodéiert, well s du se net mat Rou gelooss hues. D'Leit hunn d'Kanner vun der Plaz wechgehalen, sou hat d'Granat dech zerfatzt. Genee sou hues d'ausgesinn, deemools, Margot. Du waars meng éischt Léift, mä du bass matzen am Schouljoer fortgeplënnert, well ddi Papp een am Strait erschoss hat. LaangJoren duerno hunn ech dech eng Kéier rëmgesinn, du has scho grouss Kanner, ech och, mä un d'Hausbänk virun eiser Dier, wou mer ze liesen an ze schreiwe souzen, un déi konnte mer dis nach allebéid erënneren. Ech weess well, datt s de no eisem Rëmgesinn net méi laang ze liewen has, mä bis haut konnt kee mer genee soe firwat. Anni, du laachs nach emmer, wéi viru fofzeg Joer, wa mer owes zesumme mat eisen Dëppercher d'Mëllech bei de Bauer siche goungen. Du hues näischt gefaart, och am Wanter net, wann et scho fréi däischter gouf, an d'Stroossen nëmmen aarmséileg beliicht waren. Ech hunn dat gutt verhalen: engem anere Bauer säin Hond ass heinsdo aus dem Haff geschoss komm an huet a's ugebillt, wéi wann et lo eist Lescht wier. Mä du hues nëmme gelaacht a bass mam eidlen oder mam volle Mëllechdëppchen op hie lass- gelaf, hues d'Dëppchen an der Luucht ron-derëmgejauft wéi e Wairauchfaass, hues mat denger heller Stëmm versicht, dem Hond sdi Gebills nozemaachen, an deen huet sech dann all Kéier verzunn. Du has e Courage, deen ech nimools opbruecht hat. A neen, un eng Kéler kann ech mech eren neren, wou mer allebéid schéin erféiert waren. 't muss op engem verreentenen Owend ugaangs Mderz gewiescht sinn. Mir koume just vum Bauer, d'Mëllechdéppercher bei der Hank, an op eemol ware spatz Kreesch an der Däischtert, an duerno huet een an der Luucht en Dauschen héleren, an 't sinn e puer Dosen Hogänsen ganz niddreg iwwert eis Kapp geflunn, mir hu bal gemengt, mir missten eis bécken. Dir ass d'Dëppchen ent-fuer an ass op der Strooss ausgelaf. Chloé! Wat méchs du do uewen? Du bass dach d'Meedche vu vis-à-vis, e Kand vun haut, ech héieren dech emmer, wann s d'op der Gei proufs. Wat sinn dat do fir Geschichten? Du pass net bei déi aner. Oder spills de mer lo gläich e Stéck vir, do uewen an der Mëllechstrooss? Cléo! 0 neen! Kommen och well Kazen an de griicheschen Himmel? Cléo-Miissi, du bass dach och doheem! Eis Nopesch passt op dech op, fëllt der all Dag ddin Tellerchen zweemol, wat soll dat do? Oder war dat lo dat klengt Clio mat der Waassermeloun, déi him vum Tellerche gerëtscht ass? Ech gesinn et net mél, iwwert den Himmel hunn sech gréng a giel a blo a rout Stare verbreet, déi e fuerchtbare Kaméi- di maachen. Ech sinn zesummegefuer. Anzwousch schéisse Gnichen e Freedefeier of, et Iiicht a knuppt zéng Minutte laang, dann ass et nees roueg. Ech muss entnäipt gewiescht sinn. Meng Spektiv I.:Alt nach um Dësch, mä een huet mer mäi roude Wäi wechgedronk. De Vollmound steet lo héich iwwer d'Stären an senger Noperschaft si liicht ver- blatzt. 't ass wait no Halefnuecht. Josy Braun


Dateien:
PDF(635 Kb)

73/2003 - Kindheit

p.  1