06/05/2010 15:42 Il y a : 9 yrs

E Vernissage wéi aus dem Billerbuch

Catégorie : 93/2010 - Artiste indépendant 93/2010 - Artiste indépendant
Author:

A n der Gemengegalerie „Le Chevalet“ an der Reenertstrooss ass et zéng vir fënnef. De Charel Baustert an seng Fra Virginie mengen hei nach eppes réckelen, do nach eppes ofstëbsen, e lescht Schampesglas konrolléieren ze missen, an der Fra hir Suerg, et géing net duer mat den Afennëss, muss de Charel sech fir d’drëtt unhéieren. Gutt, datt se keng deier Schnittercher bestallt hunn, d’Gérante vu der Galerie, d‘Madame Tanton, hat och dervun ofgeroden. Fir seng éischt Ausstellung huet de Charel ronn honnert Invitatiounskaarten an d’Landschaft geschéckt. Leider stoung net drop, datt d’Leit sech sollen umellen, a lo weess de Charel net, ob der achtzeg kommen oder nëmmen aacht. Vun hire Frënn hunn der e puer versprach ze kommen, dat wiere mol déi. D’Press ass och agelueden, mä vu Molerkollege weess de Charel, datt vun deene meeschtens keen opdaucht; héchstens deen décke Pier, dee fir dräi, véier Zeitunge knipst an d’Billerzeile selwer schreift. Vun den zwéi bekannte Kritiker kënnt och keen, dofir sinn déi sech vill ze schued. ‘t ass och grad sou gutt, wie weess, wat déi sech géifen aus dem Bic suckelen. ‘t geet schonn duer, wann de Kulturschäffe kënnt, vläicht keeft d’Gemeng jo e Bild. Nëmmen de Schampes an d’Nëss stellen, dat mécht haut déi lescht kleng Gemeng iwwer Land, dacks souguer mat richtegen Amuse-bouchen derbäi, naja. „Virginie, fëll séier e puer Glieser, ‘t komme Leit!“ De Charel luusst op seng Auer an ass zefridden: ‘t ass der just fënnef, a lo sinn hirer well eng Dosen heibannen. D’Virginie ka kucken, datt et mam Schampes eens gëtt, hie muss sech lo ëm seng Gäscht këmmeren. Hie kennt déi meescht, awer net all; deene leschte brauch en nëmme frëndlech d’Hand ze ginn, da stellen déi sech scho selwer vir. Aus der Aart a Weis, wéi se mam Schampesglas laanscht d’Biller trëppelen an an engems mateneen tuschelen, schléisst de Charel: Vun deene keeft keen e Bild. E Ge-spréich vun enger Koppel schnaapt hien op: „’t gesäit ee jo net, wat et ass!“ D’Äntwert ass och net z‘ iwwer héieren: „Dat do kéint ech och.” Wien der Däiwel sinn déi? Den Här Kulturschäffen Corneille Alberti kënnt kuerz duerno. Eng eeler Dame, déi net ze wësse schéngt, wien deen Här am Armanis-Kostüm ass, freet hien, ob et hei keng Äschentellere géif. De Schäffen dréit hir de Réck, steiert op de Charel lass, a mengt, hie géif natierlech e puer Wuert soen, sech am Viraus awer entschëllegen, datt en duerno net laang kéint bleiwen. D’Harmonie krit ëm sechs vum Geschäftsverband eng déck Tromm, an do kéim hien net derlaanscht, fir en Acte de présence ze maachen. De Charel versteet dat a mengt, den Här Schäffe kéint seng Usprooch lo direkt halen, ‘t wiere jo eng drësseg Leit hei, do kéimen der doudsécher net méi ganz vill no. Den Här Alberti kuckt kuerz ronderëm sech a freet, ob kee vun der Press kéim. De Charel kritt net z’äntweren, well an deem Moment käicht deen décke Pier duerch d’Dier an huet de Fanger schonn um Ausléiser vum Fotoapparat. „Moien, Här Alberti, wou hu mer de Moler? Stellt Iech mat deem virun dat dote Bild! A, Dir sidd de Kënschtler, Moment mol, richteg, ,Charel Baustert‘ hunn se mer hei opgeschriwwen. Da kommt, ech hunn net vill Zäit, d’Musek kritt ëm sechs eng Tromm. Iwwerdeems de Charel säi Virginie fir mat op d’Foto fëscht, gëtt de Kulturschäffen dem décke Pier e Blat. „Hei, eng Kopie vu menger Ried, du weess jo, wéi s de dat méchs.“ „Sou, da laacht eng Kéier!“, seet de Pier. „Ee Moment, nach eng.Voilà! Entschëllegt mech, wéi gesot, ech muss.“ De Vertrieder vun der Kultur hemmst eng Kéier, waart, bis nach véier Leit zur Dier ra sinn a leet da lass: Nees eng Kéier hätt e Matbierger bewisen, datt d’Konscht an der Gemeng groussgeschriwwe géif, wéi dat jo scho jorelaang um Chrëscht-Salon vum „Club des Artistes“ ze konstatéiere wier. Dem Här Charel Baustert, dee fir d’éischt géif ausstellen, hätt d’Gemeng natierlech a spontan d’Galerie „Le Chevalet“ zur Dispositioun gestallt, a géif him e groussen Erfolleg wënschen. Net fir näischt krit och d’Harmonie lo an e puer Minutten eng fonkelnei déck Tromm vum Geschäftsverband, an d’Leit sollten sech haut schonns dee schéine Concert virmierken, deen den Cäciliechouer e Sonndeg z’Owend an der Kierch zum Beschte géif. Madame Baustert, Här Baustert, prost op Iech a vill Succès!“ Alles klappt, de Riedner drénkt aus, gëtt dem Virginie an dem Charel d’Hand, kléckt och nach zwéi Parteifrënn, a fort ass en, de Charel kritt mol net Zäit, fir him Merci ze soen. Iwwerdeems nach véier Jonker rakommen, ginn anerer virun d’Dier eng fëmmen. De Charel mengt, och e puer Wuert missen ze soen, wëllt dat awer kuerz maachen, hie wier kee grousse Riedner:  „E Merci un Iech all, datt Der komm sidd, an och en décke Merci un d’Gemeng wéinst der Galerie an dem Schampes. Ech hoffen, datt meng Biller Iech gefalen, an datt Der nach eng Grëtz an eiser Gesellschaft bleift. Prost!“ Him fält weider net vill an, well iwwerem Rieden huet e gemierkt, datt déi véier mat den ëmgedréite Baseballkapen sech vum Virginie scho fir d’zweet rausschëdde loossen an d’Kakuetten aus de Schësselcher an de Grapp schëdden.Déi ware just fir d‘Schnittercher hei, denkt de Charel, där et awer gottseidank keng gëtt. Déi véier laachen sech bal futti, wéi en eeleren Här, dee mat enger Lupp vu Bild zu Bild geet an d’Präisser studéiert, iwwer e Spot fält. Dat schéngt deen eenzegen ze sinn, deen sech fir Konscht intresséiert. Déi aner Gäscht stinn a Gruppen, schnëssen an dréien de Biller de Réck.  Déi lescht gi kuerz no hallwer siwen. D’Virginie zitt de Carnet mat de roude Punkten aus engem Tirang a bekuckt se laang. De Charel fëllt him an sech eng Coupe aus där leschter, nach hallef voller Fläsch. De Bléck geet iwwer seng Wierker, an hie seet méi zu sech wéi zur Fra: „Iergendeppes hänkt hei schif.“  Josy Braun


Fichiers :
PDF(73 Kb)

93/2010 - Artiste indépendant

p.  1