07/03/1999 18:09 Il y a : 20 yrs

"Méng" Gëlle Fra...

Catégorie : 60/1999 - Gëlle Fra 60/1999 - Gëlle Fra
Author:

?... as, wann een dat sou soen duerf, nach laang kee ?goldegt Meedchen". Oder dach? Jiddefalls huet d'Madame et fäerdeg bruecht, dlëtzebuerger vun Ufank un ? an dat si well 76 Joer hier, an Otem ze halen. Et wousst een (wéi all déi, déi réischt kuurz virum Krich gebur goufen), datt op där Plaz iwwert der Péitruss, wou nom Krich nach just zwou Figuren Trauer verbreet hun, mol en héijen Obelisk mat der Gë Ile Fra drop stoung. D'Preisen hätten déi am Krich ëmgerappt a verschleeft an ageschmolt, housch et; well d'Preise gemengt hätten, d'Statu wir wiirklech äus Gold. Mat deem Wësse si mir Kanner grouss gin. Et huet een sech och nët weider fir dat nees hallef opgeriichtent Monument intresséiert. Gewass, 't as ee mol ronderëm déi masseg Quaderbléck getrëppelt, an 't huet ee gelies, wat fir grouss Stécker franséisch Genereel op eis Fräi- wëlleg am I. Weltkrich gehalen hun. Mä 't as ee méi spéit gewuer gin, wat mat eisen Helde lass war: Zu hirer ronn 3.000 waren déi Lëtzebuerger Fräiwëlleg deemools; hirer 2.500 hu bei Verdun an d'Gras oder an de Bulli gebass; e Prozentsaz, wéi mol keen Zweete Weltkrich e gefuerdert huet. D'Preisen haten den I. Weltkrich verluer, mä d'Lëtzebuerger haten e bestëmmt nët gewonnen. 't huet een och alt mol héieren, 't hätt 1923 allerhand Kaméidi gin, wéi se dem Cito séng ?Siegesgöttin" opgeriicht hun. D'Leit hun se ?d'Gëlle Fra" gedeeft, mä an den Aen an an den Zeitunge vu munch frommen a rechtschaffene Leit war dat Framënsch eng zackerdjësse Louder; ouni Schimt, an engem duurchsiichtege Läpp méi plakeg wéi ugedon, an dat direkt riicht- eriwwer vun der Tréischterin. A ware bei deem Käerjenger Cito do (dee bei 18 Konkurrenten den éischte Präis am Concours gemaach hat) nët onkäuscher Methoden am Spill, wéi en dat Framënsch eräusgesicht huet, dat him bei sénger onhelleger Aarbecht sollt Modell stoen? A wéi d'Preise koumen? An sénge Memoire schreift de Berliner Kabarettist Werner Finck, deen den 10. Mee '40 beim Amarsch derbäi war, d'Lëtzebuerger wire schwéier ze verstoen. Déi hätte mat den Hänn an den Täsche laanscht d'Stroosse gestanen a roueg nogekuckt, wéi hiirt Land besat gouf. Abee, 't as mer, wéi wann d'Gëlle Fra, déi den 21. Oktober vum selwechte Joer mat der Dampwalz ëmgezu gouf, nach am Trëllen deene bléide Lëtzebuerger zougeruff hätt: Loosst Der lech dann awer och alles gefalen? A kuck hei: Op deen Dag genee sin der eng Partie erwächt - a kruten och déi éischt an der Villy Pauly an d'Schnëss. Wat duerno mat där Gëllener Fra äus Bronz wiirklech geschouch, dat woussten déi meeschte Lëtzebuerger laang nët. 't war fir eng oder zwou nei Generatiounen och keen Thema méi. D'Mo-nument war 1951 eng Grëtz an 1958 sou haalwer rafistoléiert, an déi Jonk hun näischt Ongewéinleches derbäi fonnt, datt d'Haaptfigur gefeelt huet. Héchstens d'Bomien an d'Bopien hun de Kandskanner gesot: Kuckt, hei stoung mol d'Gëlle Fra. 28 ?Méng" Gëlle Fra... 't as schon eng gelunge Saach. Als ? Sieges- göttin" hat d'Gëlle Fra d' ?Sieger" ni ze gesi kritt. Wéi d'Amerikaner am I. Krich hei waren, du stoung d'Monument nach nët, a wéi se fir zweet koumen, war et schon nees a Mujele geschloen. Am Fréijoer 1981 huet d'Madame, déi jo zerstéiert an ageschmolt soll sin, mech an nach aner Leit op Trapp bruecht. Do huet dach nët e Mataarbechter äus enger vun eisen Dageszei-donge mir enges Owes an der Theaterstuff beim Foxe Fern gepëspert, hie géif ee kennen, dee wéisst wou d'Gëlle Fra dru wir. Wat git Der mat sou engem Gespréich ufänken, wann Der, wéi déi aner Leit och, am Glaawe waart, d'Gëlle Fra wir op ëmmer an éiweg verschwonnen? D'Informatioun géif awer eppes kaschten, sot de Pësperer äus der Pësper- këscht an der Theaterstuff. Sou Froe muss de Chefredakter beäntweren, hun ech mer ge- duecht. An deen huet dagsdrop gemengt, 't wir vläicht eppes un där Informatioun, 't sollt ee mol nom Präis froen. Wéi ech mäin Informant (deen deen zweeten Informant sollt kennen) de 17. Juni flees gesouch, du goung vun deem zweeten Infor-mant keng Rieds méi, och nët méi vu Suen. Par Bei der ?Semaine de la Résistance" waren d'Stécker vun der Gee Fra ewell 1955 an der Märei um Knuedler ausgestallt. konter krut ech eng Fro beäntwert, déi ech mer vun Ufank u gestallt hat: Firwat schreift deen Dabo nët an sénger eegener Zeidong, wat e weess? Hien hätt dat vun uewerof verbuede kritt, sot hien, mä kuurz a gutt, d'Gëlle Fra léich ënnert enger Tribün vum Stadion; fir de Rescht géif ech jo sécher eens gin. Ech hun dem Kolleg e Patt bezuelt, an 't huet een em ofgesinn, datt et him nët liicht gefall war, sou eng Geschicht Iiichtschaz verschenken ze missen. Deen anere Muergen as de Mann mat de Schlëssele vum Stadion bleech gin; wéi ech mat engem Photograph opgekräizt sin an hien no der Gëlle Fra gefrot hun. Déi wir tabu, sot hien, et wir verbueden, fir se ze knipsen. De Knipsert an ech, mir hun äis bekuckt; da stëmmt et also, da läit se wiirklech do! 't war och sou, well no villem Biedelen a Fléiwen an ënnert der Konditioun, keng Photoen ze maachen, huet de Mann äis op d'Plaz gefouert. Mir hun äis missen elle bécken, mä ënnert den ënneschten Träppleken vun enger vun den Tribünen an hannert engem Koup Kuele louch d'Skulptur; an dräi Stécker, schéin openee getässelt, knaschteg an dach erëmz'erkennen; besonnesch den Deel mat Kapp, Äerm a Lorber- kranz.D'Figure vun der ?Allegorie" waren zu Hollerech am ?Salzhaff" fond gin ? 7%litiWrafirr Wieg t,1530,447:1470: ... a waren e puer Wochen duemoerem op hirer Plaz. Ech muss soen, datt de Stater Buurger-meeschter sech deen aneren Dag gutt äus der Affär gezunn huet. Hie war paff, wéi ech em sot, an sériger Stad Of een äis verbidden eng Photo ze maachen. Hie war nach méi perplex, wei ech em sot, datt ech d'Gëlle Fra gesinn hätt. A wei ech ugedeit hun, egal wat hie mir elo géif soen, d'Fakte vum Stadion stéinge muer an eiser Zeidong, du huet de Buurgermeeschter bewisen, wéi e richtege Politstrateg mat Fakten ëmgeet. Hie weisst dat alles selwer réischt zënter e puer Joer, mä ech sollt mech mol een Abléck gedël- legen. Hien huet bei mir zou ëmmescht ugeruff, an äus dem Gespreich, dat hien haart gedréit huet, hun ech verläuschtert, datt hien e pensionéierten Archivist vun der Gemeng un der Strëpp hat. Wat deen da sou vun der Gëlle Fra weisst? An du kruten de Buurgermeeschter an ech eebe just dat ze heieren, wat all Lëtzebuerger ëmmer ze Mere krut: datt d'Preisen d'Monu-ment am Oktober '40 mat der Dampwalz ëmge- zunn hätten, an datt d'gëlle Fra vun deem Dag u verschwonne wir. De Buurgermeeschter huet mer en An zougepëtzt a sot deem aneren, bei him am Büro seiz en Zeidongsmënsch, dee behaapte d'Gëlle Fra gesinn ze hun. Déi aner Säit blouf et een Abléck roueg, mä du koum dee Saz, dee mer laang Kappzerbrieches mouch: ?Dir wäert dat gräisslecht Framënsch dach nët nees wëllen op-nichten?!" Den Archivist war voll am Bild, dat gouf seier kloer. Well du huet hie verzielt, wuer d'Stecker hi komm waren a wien se versuergt hat (genee déi Firma, déi d'Monument 1923 opge-riicht hat), datt e puer Stecker an de fofzeger Joren an enger Ausstellung gewise goufen (dat war de Leiden äusdenkeg gin!), an datt se duerno op de Stadion koumen. Kuurz a gutt, de Buurgermeeschter huet geschmonzt a gemengt, ech hätt jo mäi ?Scoop", mä hie Of lo d'Statu räushuelen a wäsche loossen, an da kënnt d'ganz Press souvill Photoe maachen, wei se Loscht hätt. Mat der Iwwerschrëft ?D'Gëlle Fra 40 Jahre versteckt gehalten! Warum?" koum mäi ganz- säitegen Artikel an der Zeidong. Den Dag hätt nët kënne besser falen, well 't war de Virowend vum Nationalfeierdag. Scho muerges hate Leit ugeruff a gefrot, ob dat Ganzt en Abrëllswitz wir, mä geint Feierowend, op der Réceptioun an der Villa Vauban, war et amusant Leiden ze begéinen, vun deenen ech an der Tëschenzäit wousst, datt s'iwwert d'Gëlle Fra um Stadion zënter lore Bescheed woussten, mä déi lo steif a fest behaapt hun, si wiren haut beim Liese vu méngem Artikel och äus alle Wolleke gefall. Freides, de 26. Juni, stoung dei proppen gewäsche Statu virum Stadion op der Wiss. 't huet ee gesinn, datt hir Feiss kapott waren, mä soss war se 1940 nëmmen do äusernee gebrach, wou se mat Schrauwen zesummegehale war; an anere Wierder, 't war hir nët ganz viii geschitt. An de 27. Juni hun d'Lëtzebuerger an hiren Zeidonge gesinn, wei schein d'Gëlle Fra eigent- lech as, dei och déi eeler Leit jo nëmme vu ganz ënnen, also vu wäit ewech kannt hun. Wei goung et virun? D'Land war paff a perplex. D'Lëtzebuerger haten 1923 d'Monu-ment mat hiren eegene Sue bezuelt an hun et nët an der Rei fonnt, datt d'Gëlle Fra verstoppt gehabe gi war. Polemiken fir oder geint en zweet Opriichte goufen et keng méi. 't huet sech seier eräusgeschielt, datt d'Gëlle Fra zënter dem Il. Weltkrich zu enger Symbolfigur vun der natio- naler Identiteit an Onofhängkegkeet gi war. 't gouf awer och kloer, firwat gewësse Leit nom Krich versicht hun, d'Existenz vun der Gëlle Fra ze verheemlechen. Et ware Leit mat den Argumenter vun 1923 (d'Gëlle Fra wir kee grousst Konschtwierk an 't wir och lo nach déplaceiert, fir et nees bei d'Kathedral ze stellen). Et as awer besonnesch gefaart gin, Polemiken iwwer d'Veréiwegong vun den Zwangsre- krutéierten an deenen äus den Internationale Brigaden am Spueniekrich géifen nees opliewen. Nach anerer hu gemengt, et sollt een dat hallef zersteiert Monument sou loosse wei et wir, als Erënnerung un dei barbaresch Zersteierong duurch d'Nazien. D'Land selwer, dat d'Monument jo bezuelt hat, war nom Krich jiddefalls net em seng Meenong gefrot gin, mä lo war net méi laanscht seng Meenong ze kommen; an dei war souze-soen eestëmmeg. 1983 gouf eng staatlech Kommissioun agesat, déi sech drëm bekëmmert huet, datt d'Gëlle Fra nees opgeriicht Of, an 't gouf nees eng ëffentlech Subskriptioun opge- maach. Dat meescht vun den néidegen 12 Millioune koum zesummen, de Rescht hu Staat a Stad an och e puer Banke bäigeluecht. An den 23. Juni 1985, also op dem Nationalfeierdag selwer, gouf d'Gëlle Fra eng zweete Keier ageweit. Ronderëm d'Monument sin nei Placken an de Buedem gelooss, op deenen d'Touriste liese kënnen, wat et mat dem Monument op sech hat an huet. Haut steet d'Gëlle Fra schon nees 14 loer sou do, wei se virun 1940 do stoung; frësch nonee gemaach an owes beliicht. Kee Frieme keim op d'Iddi, datt dei Madame, déi do Mich an der Luucht bei all Wieder hire Lorberkranz hält, sou eng verwuerelt Geschicht hannerun sech hätt. Josy Braun 


Fichiers :
PDF(644 Kb)

60/1999 - Gëlle Fra

p.  1