13/06/2008 18:46 Alter: 11 yrs

Lëtzebuerg wéi de Philippe Schneider et gewisen huet

Kategorie: 88/2008 - Tourismus 88/2008 - Tourismus
Author:

?G ebuer gout de Philippe Schneider virun 100 Joer, de 14. August 1908 zu Nid- derwolz. De Papp stiewt fréi a mat 12 Joer lant de Bout an enger Liederfabrik, wou en ? wéi e spéider selwer verzielt ? déi éischt Kéier mam Kino a Kontakt kènnt: aus aale Filmer gètt hei Leim gemaach, de Philippe ass faszinéiert vun deene klengen trans-parente Biller. E bèssche méi spéit geet en als Spulljong an Elektrikergesell op Bréissel an duerno als Kabaretsartist op Pardis. A kènnt nees mat der Kinoswelt a Kontakt. No e puer Assistenzaarbechten op Tour- nagen weess e mat 20 Joer wat e gi wëll: e keeft sech eng Occasiounskamera, filmt lénks a nets wat zu Lètzebuerg leeft a ver- keeft seng Reportagen als Virprogramm un d'Kinoen. Well en alleng dovun net lie- we kann schafft en zditweis als Schräiner, verkeeft elektresch Apparater, Geméis an Ennerwäsch, reechtert Kaffi an ass èm- mer nees als Assistent op franséische Pro- Dem Philippe Schneider ass et ni duergaang e Beruff ze hunn oder ?eppes ze machen", heen huet sech ëmmer voll a ganz mat senge Bes-chäftegungen identifizéiert: hee war Elektriker, hee war Zirkusartist an hee war schliesslech den éischte professionelle Filmemacher zu Lët- zebuerg - och wann dat emol guer net esou ganz wouer ass... Grat evvéi hee stéits e klenge Mythos ronderëm seng Persoun opgebaut huet, huet en et och verstan d'Sujete vu senge Filmer e Stéck aus der Realitéit eraus ze réckelen. duktiounen, fir eppes fir säin Dramberuff bdizeléieren. Am Krich filmt de Philippe Schneider heemlech, no der Libératioun offiziell bei de franséischen an amerikane-schen Truppen. 1946 schneid en seng Biller zu dem staark patriotesche Film Pour la Li-berté zesummen. Dat gètt e grousse Suc-cès an domat dem Philippe Schneider säin Duerchbroch. Hee grènnt nach d'selwecht Joer eng eege Produktiounsfirma, spéider baut e sech a sengem Haus zu Bouneweg e klenge Studio. Wann de Philippe Schneider vu sen- ge Filmer liewe kann, dann ass dat an der Haaptsaach well en et versteet sech gutt ze verkafen. Nieft Reklamme fir Geschäftsleit dréit e virun allem vum Staat finanzéiert Dokumentatiounen, an deenen et èmmer drèm geet Lètzebuerg vun senge beschte Sditen ze weisen, souwuel ekonomesch wéi och touristesch. Déi éischt Commande sinn Le Luxembourg au travail (1948) an Un ? "I!';'? «irà,1°' 1.11w. beau petit pays (1950). Fir d'Bedeitung vun dèse Propagandafilmer ze verstoè muss ee wèssen, dass se net nèmmen zu Lètzebuerg mee ueter d'hallef Welt als Virprogramm an de Kinoè gewise goufen. Vun Amerika bis an de Belsche Congo hunn d'Leit Philippe- Schneider-Filmer gesinn. 1953 leeft Le Lu-xembourg et son industrie zu Cannes, zéng Joer méi spéit ass luxemburg im Herzen Europas zu Berlin um Festival. D'Avant-Pre-mière sinn dacks grouss Evenementer mat ville Ministeren an der Groussherzoglecher Famill als Invitéen. Ee vun deenen interessanteste Filmer ass sécher Luxembourg ville millénaire 963-1963, wou a knapps 35 spektakuläre Minutten déi dausendjdereg Geschicht vun der Stad Lètzebuerg verzielt Ott. Engers.d-its ass et e Film bei dem een haut nach gutt novollzéie kann, dass en dem auslännesche Publikum Loscht cremaach huet fir Vakanz bei eis ze maachen, anerersdits stellt en eng LËTZEBUERG WEI DE PHILIPPE SCHNEIDER ET GEWISEN HUET ?Philippe Schneider: pour le cinéma luxembourgeois, ce n'est pas un nom mais une marque." (Le Républicain Lorrain, 9.6.1968)«Le Tour du Luxembourg 1946 en 4 étapes» (Philippe Schneider, 1946) ëmfaassend Synthese vum Philippe Schnei-der sengem Schafen duer, andeems sech den Auteur net scheit e ganze Koup Biller aus senge fréieren Aarbechte fir dés monu-mental Commande ze recycléieren. Dem Philippe Schneider seng Filmer sinn um technesche Plang korrekt an dacks och innovativ. Hee schafft scho fréi mat faarweger Pellicule an impressionéiert mat spektakulär breede Cinémascope-Biller wéi een se soss just vun deenen opwännegste Spillfilmer kennt. Mee hannert där blénke- ger Fassade lauert net vill méi wéi eng Wid- derhuelung ouni Enn vun deenen éiweg selwechte Klischeeën. D'Musek ass stéits pompéis, d'Commentaire si pathetesch an hannerfrot ginn d'Saachen net emol usa- zweis. Dat wat haut staark iwwerdriwwen an dacks lächerlech wierkt huet awer op d'mannst an de 50er Joeren an zum Deel och nach an de 60er genee dem entsprach wat d'Commanditairë wollten: ongenéiert Reklamm fir Lëtzebuerg, déi der ganzer Welt weise sollt wéi dichteg, räich a schéi mer sinn. Et kann ee vum Philippe Schneider senger Aarbecht hale wat ee wëll, mee et ass keng Diskussioun, dass déi vill Biller déi hee credréint huet en Deel vun eisem kol- lektive Gediechtnes gi sinn. Wann ee se mat dem richtege Filter kuckt, da soen se haut ënner Emstänn méi, wéi hiren Auteur deemols bewosst dra geluecht huet. Awer vläicht deet een dem Philippe Schneider och Onrecht mat esou enger Behaaptung. Well nieft sengen eecrene Produktiounen 4,4 1t A ?Luxembourg, ville millénaire" (Philippe Schneider, 1963) Den Auteur ass Réalisateur vum Documentaire Philippe Schneider, de Mann mat Der Kamera, dee 1999 a Coproduktioun vu CinéquaSi mam Centre national de l'audiovisuel produzélert gouf. huet en alles gesammelt wat aner Leit vi- run him gedréint hunn a vill Zäit an och Geld an den Archivage vun deene Filmer investéiert. E gewësse Wäitbléck war sé-cher Deel vun der Motivatioun fir seng Aarbecht. Gestuerwen ass de Philippe Schnei-der 1980, woubäi en déi zéng lescht Joer vun sengem Liewe mat sech an der Welt onzefridde war. D'Zäit vun deene blum- megen an onkritesche Blécker op eist Land war an de 70er eriwwer. Mat neie Leit koumen nei Ideeën an eng nei Sprooch an d'Iëtzebuerger Filmschafen, fir de Philippe Schneider war kenc, Plaz méi. OZU=


Dateien:
PDF(497 Kb)

88/2008 - Tourismus

p.  1