13/06/2008 18:37 Alter: 11 yrs

En Dag am Liewen vun engem 150-prozentegen Antirassist

Kategorie: 88/2008 - Tourismus 88/2008 - Tourismus
Author:

En Dag am Liewen vun engem 150-prozentegen Antirassist John huet der haut 64, Like war a jon- Joren e richtegen 68er, spéider am Beruff en engagéierte Schoulmeeschter an zènter der Pensioun mat Läif a Séil Stater Guide. Dee Pensiounsjob mécht hie well e puer Méint a fènnt seng Freed drun, déi Friem, ob Japaner, Amerikaner, Fransousen oder Däitscherduerch d'Stad ze féieren, an hinne virum Palais, um Fèschmaart, op der Corniche, hannert der Kathedral, um Hellege Geescht oder bei der Gëlle Fra op Englesch, Franséisch oder Däitsch z'explizéieren, wat mir eigentlech fir eng sinn. Hie mécht dat mat Witz an Humouer a seet owes zu sengem Mannette, se wieren haut nees ganz mètschgieweg beim Drénkgeld gewiescht. Da laaacht seng Fra a weess, datt de John d'Drénkgeld an eng grouss blechen Zigarekèscht bei dat anert leet, aus deem lues a awer sécher eng Zèmmche fir bei déi nächst Mier- oder Flosscroisière Ott, wann si da selwer Tourist spillen. Net seelen, besonnesch bei däitschen Touristegruppen, kènnt et och mol zu politesche Gespréicher, an de John wonnert sech méi wéi eng Kéier, wéi wéineg se déisäit vu Musel a Sauer iwwer dat wèssen, wat zu Lètzebuerg am leschte Krich lass war. Ausgerechent de Virowend vum Nationalfeierdag gouf an dèsem éischte „Guidejoer" dee schwaarzen Dag fir de John. Hie stoung mat Däitschen, déi hirem Bus no ze uertelen, aus der Hannover Gkoéumeni, be-i dger Gëlele Fran, huedt hd'Giescnhicht-vumnMonuementna vun senger Zerstéirung verzielt an drop higwaet an-ewpuer Sipreoochseneopndeen,e gosseisenen Take stéing, déi an de Buedem agelooss sinn. Du sot dach ee vun deenen däitsche Maanshären: „Hier waren wir ni!" Fir d'alleréischt huet de John gemengt, et kéint net sinn, mä an deem ganze Grupp huet keng Fra a kee Mann sech gemuckst, manifestéiert, opposéiert oder protestéiert. Se hunn hien ameséiert a gespaant ugmäede Jo-hnkhat suech acm Gkrèff.t, „Sie bestimmt nicht!", huet e ge-s„cundhIhrmVaterovienlleiczht atuc,h nicht." Hien hätt jo sougär nach aner Saache geäntwert, z.B. d'Welt wier eng Scheif an Auschwitz e Witz, oder och d'Brieder virum Kapp kéinten d'Welt bedeiten, mä hien huet sech am Zam gehalen. Seng Bernierkung war awer duergaangen, fir der Gesellschaft ze weisen, datt hien net op de Mond gefall an déi frech Behaaptung vun deem Här en Tratt an de Maschtepull war. Deeselwechten Owend — wéi gesot, de Virowend vum Nationalfeierdag — war de John op keng vun deene sèllege Receptiounen agelueden, déi et a Stad a Land gouf, an hie goung mat sengem Mannette anzwousch an der Alstad chinesesch iessen. Säi schwaarzen Dag war nach net gelaf. Och net doduerch, datt en dem Mannette d'Geschicht vu mueres bei der Gëlle Fra verzielt huet. „Weess de, wat mech am meeschte fochst? Dat ass dat „wir".,Hier waren wir nie!' Déi Solidariséirung ma den Ndatageet-merznet ain dee Kapnp an,net aus dem Kapp." „Du reagéiers iwwerspètzt", sot seng Fra, „dat war einfach en naiwen Ignorant." „A sou", sot de John an een Abléck näischt méi. Mä et war jo nach net Feier-owend. Um Niewendèsch souz eng eeler Koppel, deenen hir Sprooch nach véier Meter méi wäit verroden huet, datt se vun déi Säit der Musel wieren. E gewèsse Moment frot d'Mannette de John: „Schmaacht et der net méi?" „Hues du net héieren, wat déi lo vun sech ginn huet?", frot dee lues zréck. Hie wénkt diskret mam Kapp a Richtung däitsch Koppel. „D'Fra!, Sind das chinesische Möhren?'", frot déi de Garçon. „Jo, an?" „Deen huet mam Kapp Nee ge- wénkt, an du sot se: ,Aha, deutsche Möhren!'" D'Mannette huet ee Moment gezéckt. „Du mengs, se hätt jo kènne soen, ,aha, luxemburgische Möhren!'" „ Bravo! ", huet de John, zréckgeruff, bal ze haart, „der Kandidat hat hundert Punkte!" D'Mannette huet d'Hand um John säin Aarm geluecht. „Du bass jo awer deen éischten, dee weess, datt een nimools verallgemengere soll. Denk mol un dengem Papp seng Geschicht." „Du weess, datt ech net verallgemengeren a bestèmmt scho kee Rassist sinn", sot de John lues, „mä heinsdo geet engem den Hutt héich." D'Geschicht vum John sengem zwangsrekrutéierte Papp stoung fir een Abléck am Raum. Dee louch viru kuerzem an der Zitaklinik an huet net verquèsst, vun enger „preisescher" Infirmière gepléischtert ze ginn. „Was machen Sie denn hier bei uns?", huet en s'enges Daags ugebaupst. „Ach wissen Sie, Herr Pütz", huet déi geäntwert, „ich bin schon zwölf Jahre in Lu-Dxamealsmwurdben uin rg. DedieualtetnsNcazishbe-ttllägaering, dund ich hatte keine Lust, denen den Arsch abzuwischen." Josy Braun


Dateien:
PDF(349 Kb)

88/2008 - Tourismus

p.  1