19/07/2010 13:58 Alter: 9 yrs

Wie gëtt him d’Replik?

Kategorie: 94/2010 - Theater 94/2010 - Theater

 

Januar 2010: De Kapuzinertheater feiert seng 25 Joer! Um Programm steet ë.a. de “Kirschgarten” vum Tschechow: dee kréich seng 150 a säi lescht Stéck kritt der 106; Grënn genuch fir ze jubiléieren, souguer wann de Kiischtebongert ëmgehae gëtt an deen ale Firs um Enn vergiess...?

...

Die Bühne ist leer. Man hört, wie alle Türen abgeschlossen werden, dann, wie die Equipagen abfahren. Es wird still. Durch die Stille ertönen dumpfe Axthiebe, öde und traurig. Man hört Schritte. Aus der Tür rechts erscheint FIRS. Er ist gekleidet wie immer, in einem Jackett und weißer Weste, Pantoffeln an den Füssen. Er ist krank.

FIRS (geht zur Tür, fasst nach der Klinke) Abgeschlossen. Sie sind fort... (setzt sich auf den Diwan) Mich haben sie vergessen... macht nichts... ich setze mich ein bisschen hin... und Leonid Andrejewitsch hat sicher seinen Pelz nicht angezogen, ist im Mantel losgefahren... (seufzt besorgt) Und ich habe nicht nachgesehen... Der Grünschnabel! (murmelt etwas, was man nicht verstehen kann) Das Leben ist vergangen, als hätte ich gar nicht gelebt. (legt sich hin) Ich lege mich ein bisschen hin... Deine Kraft hat dich verlassen, nichts ist geblieben, nichts... Ach, du... Nichtsnutz!... (liegt regungslos da).

 

Man hört von weitem einen Ton, wie vom Himmel, den Ton einer gesprungenen Saite, ersterbend, traurig, Stille tritt ein, man hört nur, wie weit weg im Garten die Äxte die Bäume fällen.

 

Vorhang

Januar 1955: 2. Dicksfeier am Alen Theater (alias Kapuzinertheater). Mir spillen ë.a. “Den Här an d’Madame Tullepant”: Den Dicks hätt deemools 132 Joer gehat a seng Tullepant 76 (wa meng Rechnung richteg ass). Also déi Kéier am Fong kee Grond fir ze feieren, et sief, der Tullepants hire “Giertner” huet haut 55 Theaterjoren um Bockel, also méi wéi duebel esou vill wéi de Kapuzinertheater elo!

Mä wat soll dat? 

 

Eng Grëtz Melancholie an natierlech och Nostalgie paakt een... wann een haut nach d’Marréi am Ouer huet, wéi hatt geruff huet, d’Freed an der Stëmm an de Schellem an den Aen:

Hei de Giertner! Sidd Dir schonn an der Wier?

 

An da stéisst deen Trac nees erop: Eleng do ze ston, nach naass hannert den Oueren, virum Henri Pensis mam Orchester vu Radio-Lëtzebuerg... an, dréchen an der Strass, och nach missen ze sangen iwwert der Walz:

 

Sidd e Giertner ‘t ass neischt driwwer

Krich mécht hien dem Ongeziwwer

Wéi ech virun 20 Joer probéiert hunn, meng Impressiounen festzehalen an engem Artikel, dee verzielt “Vum Alen- an den Neien- an hannescht an de Kapuzinertheater”1, e laangen Tour, dunn hätt ech mer net dreeme gelooss, haut nach 30 Joer kënnen drun ze hänken un e “Liewen op der Bühn”, dat mer zwar dacks verflucht hunn, dat ons ower ëmmer nees frësch
verhext huet...

 

Mir wore frou, erëm duerfen am neien “Alen Theater” (de Kapuzinertheater vun haut) ze spillen, vun deem am Fong nëmme just nach d’Bühn ons erënnert huet u fréier, de Geroch net méi...; an deem mer duefir ower och – mat enger Grimmel Imaginatioun – gemengt hunn, d’Heemlechkeet vun deemools erëm ze fannen... An dat vrun allem, well mer konnte viru schaffen an enger net nëmme kollegialer, mä frënd-schaftlecher Ambiance: dem Marc Olinger, mat deem mer virdru jorelaang schonn zesumme gespillt hunn, ass den Direkter net an de Kapp geschloen: den droit à l’erreur, deen hien zu Recht fir sech reklaméiert hat, gouf him d’Méiglechkeet, ouni Schei en Théâtre de création ze riskéieren...

 

An da kann ech him als Regisseur säi Respekt virum Auteur net héich genuch urechnen: hien huet keng Fisematente gebraucht, fir gutt z’inszeenéieren. Duefir e grousse Merci!

 

Extra gär erënneren ech mech u Produktiounen wéi “Huis clos”, “Blumfelds Hund”, “Minetti”... an natierlech net manner u Stécker wéi “Margréitchen”, “E Stéck Streisel”, “E Platten"... ëmmer zesumme mam Juliette...

 

An haut...?

Dem Tschechov säi FIRS hätt ech ëmmer gär gespillt. Mä ni krut ech d’Geleenheet. Ech hu missen d’”Kiischtebléien” schreiwen... fir mengem fiktive Firs d’Replik ze schenken...; datt hien net esou eleng sollt sinn... a senger Verloossenheet...

Haut kann ech endlech den Original-Firs spillen, dem Tschechov säin... an dee brauch keng Replik méi: Hie schwätzt fir sech eleng a senger Welt vu gëscht... a seet just nach... ganz um Enn:

...

Ach, du... Nichtsnutz!

 

Pol Greisch


Dateien:
PDF(646 Kb)

94/2010 - Theater

p.  1