19/07/2010 13:59 Alter: 9 yrs

„Loosst dem Haus seng Séil!“

Kategorie: 94/2010 - Theater 94/2010 - Theater
Author:

 

25 Joer 

Kapuzinertheater 

am Réckbléck

 

„Loosst dem Haus seng Séil!“

E kritescht Gespréich mam Marc Olinger

A

m Joer 1623 hunn d’Kapuzinerpateren hiert Klouschter an der Stad Lëtzebuerg gebaut, wou si och bis zur Besetzung duerch dem Napoleon seng Truppen 1795 bliwwe sinn. Vu 1796 bis 1868 ass d’Gebai als Fruuchtspäicher an als Bäckerei gebraucht ginn a vun 1869 bis 1964 war et den Theater vun der Stad Lëtzebuerg, bis den Neien Theater um Rond-point Schuman seng Dieren opgemaach huet. Nodeems dat weidert Schicksal vum Alen Theater méi wéi ongewëss war, gouf den Îlot du Vieux Théâtre dunn awer 1977 vum Gemengerot als „secteur protégé“ declaréiert an am Kader vun ëmfangräiche Renovatiounsaarbechten ëmgebaut. Kuerz vrun der Ouverture am Februar 1985 vum komplett ëmgebaute Kapuzinertheater huet d’Simone Beck an engem Interview mam neien Direkter Marc Olinger geschriwwen: „Das Kapuzinertheater: Ein neuer Ort für eine alte Kunst. Nach Jahren der Flaute wird es wieder rege in der Luxemburger Theaterszene“1. Vun där éischter Saison 1985/86 un huet sech de Kapuzinertheater mat enger innovativer Programmatioun ervirgedoen, wou besonnesche Wäert op Creatiounen, Co-Productiounen an auslännesch Productione geluecht gouf. An engem Gespréich mam Marc Olinger, deen den näxte 5. Januar a Pensioun geet, wollte mir wëssen, wat seng Andréck an Erfahrungen als Theatermann an deene 25 Joer woren.

 

ons stad: Här Olinger, Dir wollt deemools mam Kapuzinertheater en Theater schafen, wou am Kontrast zu deenen traditionellen etabléierten Haiser, éischter onkonventionell, avantgardistesch, experimentell Opféierunge op héijem professionellen Niveau an am léifsten an Eegeproductioun gewise sollte ginn. Ass dës zolitt Erausfuerderung aus Ärer Siicht am Réck-bléck opgaang?

M.O.: Op jidde Fall. Haut si mir als Kapuzinertheater e ganz professionellen Theater wéi all déi aner Theateren op der Welt. 

o.s.: An engem RTL-Interview2 virun e puer Méint schwätzt Dir interessanterweis am Kontext vun der 25-Joer-Feier vun deem „klengen Theater vum groussen Theater“ – hat Dir do vläicht schon eng kleng Virahnung?

M.O.: Meng Ängschte vun haut kommen net vun ongeféier. Viru 25 Joer hu mer eis missten dergéint wieren, datt dat neit Haus hei dee klenge Sall vum Groussen Theater sollt ginn, deen och vun do aus sollt geréiert ginn. Deemools war e politesche Wëllen do fir en Accueils-Theater ze maachen. Ech ka mech gutt erënneren un e Sonndeg Mëtteg virun der grousser Vakanz, wou mer op den Dräi Eechelen en „Happening“ gemaach hate mat Politiker an Acteuren an Theaterkostümer. Dat war eng geselleg Ronn, mee awer och eng wichteg Table ronde, wou mer versicht hunn, de politesche Responsablen z’erklären, datt et vun 1973 u mam Tun sengem Kasemattentheater hei zu Lëtze-
buerg Leit gëtt, déi am Theater professionell Uspréch hunn. D’Politiker hunn deemools eise klore Wëllen erkannt, fir an d’Richtung vum Creatiounstheater ze goen. Mir kruten d’Méiglechkeet eis Projete virstellen ze kënnen, woubäi mäi Projet zréckbehale gouf an ech d’Directioun vun deem neien Theater iwwerdroe krut. An den Iddie vun de Politiker vun deemools sollt et fir d’éischt just emol e klenge Sall vum grousse Haus ginn. Mir wollten hinne mat eisem Engagement de Contraire beweisen an et war deemno un eis, d’Erausfuerderung unzehue-
len. Haut no 25 Joer, wou elo eppes do steet, wat een net méi aus der Lëtzebuerger Theaterwelt kann ewech denken, kënnt erëm déiselwecht Iddi op – dës Kéier ë. a. och aus finanzielle Grënn – de Kapuzinertheater zréck un dat grousst Haus ze ginn. An do si Parallelismen, déi mer e bëssche louche schéngen … (laacht) 

o.s.: De Marc Olinger wollt sengerzäit eng Klengbühn mat éischter avantgardistescher Programmatioun op d’Bee stellen, déi net onbedéngt schockéieren, mee zumindest provozéiere wollt. De Public sollt méi an direkte Kontakt komme mat de Kënschtler, haut géif ee vläicht vun Interaktivitéit schwätzen. Sinn déi Pläng opgaang?

M.O.: Dat ass schwiereg – et war och vläicht an där Zäit e bësschen eng illuso-resch Iddi. Allerdéngs ass et gelongen an der theaterpädogogescher Aarbecht mat de Jonken an de Schoulen, woubäi mer vum Staat, leider awer net an deem Mooss vun der Gemeng ënnerstëtzt gi sinn. Déi Jonk sinn d’Zuschauer vu muer an dofir ass et esou wichteg, proaktiv op si zouzegoen. 

o.s.: Wéi gesäit et aus mam Nowues, wat jonk Dramatiker ugeet?

M.O.: Theater schreiwen ass a mengen An déi schwieregst Literatur, woufir se wahrscheinlech och manner produktiv ass wéi z. B. d’Romanliteratur. Et sinn awer am Ament eng ganz Rei Leit op den Unien ënnerwee, déi Dramaturgie studéieren an ech schléissen net aus, datt déi iwwer de Biais vum Fonctionnement vum Theater an d’Schreiwe kommen, wann och vläicht
eréischt an zéng Joer. 

o.s.: Den Theater huet sech professionaliséiert. Huet de Public vun haut do matgezunn?

M.O.: Ech hu schonn d’Impressioun, datt de Public evoluéiert huet an op ass, fir nei Auteuren an enger moderner Insze-
néierung ze gesinn. Iwwerdeems mir nach virun enger Zäit ganz vill Jonker, besonnesch Schüler bis 18 Joer an dann erëm éischter Leit vu 50 Joer un haten, huet déi Altersschicht dertëscht dacks gefeelt, mee dat ass am Gaangen ze changéieren.

o.s.: Watfir eng Roll spillt fir Iech d’Theaterkritik?

M.O.: Si sollt eng Vermëttlerroll tëscht Theater a Publikum hunn. Leider ass dat awer eng laang Zäit eng Zort „critique d’humeur“ gewiescht, wou de Kritiker mat enger fester Erwaardung koum, déi dann entweder zefridde gestallt oder enttäuscht gouf an deementspriechend gouf dann och geschriwwen. Dat wat ech ganz oft vermëssen, ass den Hannergrond, et ass schued, datt net am Kontext jugéiert gëtt. Et geet drëm, de Leit e Stéck z’erklären, hinnen dat Spezifescht vun enger Lëtzebuerger Productioun ze weisen, wéi z. B. d’Mëschung vun de Sproochen, vun de Kulturen, vun den Natiounen. Et ass einfach wichteg, datt bei enger Kritik e Stéck a senger spezifesch Lëtzebuerger Eegenaart gesi gëtt, et kann een net higoen an einfach Vergläicher opstelle mat enger Virstellung zu Paräis oder zu London.

o.s.: Wat ass dem Marc Olinger seng bescht a vläicht och seng mannst gutt Erënnerung un déi lescht 25 Joer, sief et als Direkter, Regisseur oder Acteur?

M.O.: Spontan kommen mer do direkt e puer Rollen, resp. Productioune mat Rollen an de Sënn. Ech hunn e formi-
dable Souvenir un d’Roll vum Sganarelle am „Don Juan“ vum Molière, déi ech zweemol gespillt hunn, well et einfach e Personnage ass, déi mir esou no steet, vum Charakter, vum Temperamt a vum Wiesen hier – wann een an esou enger Roll dran ass, do mierkt een d’Richesse vum Theater, vun deem Personnage, do mierkt een, firwat dat, wat de Molière geschriwwen huet, nach haut esou genial ass, wéi deemools – do kënnt een einfach un de Genie erun. Do gëtt een als Acteur matgezunn, ob ee wëllt oder net: Et kann ee kaum schlecht sinn am Sganarelle, do gëtt een esou gehuewen, duerch de Personnage, duerch den Text. 

Onwahrscheinlech vill Plëséier bruecht hu mer awer och den Isidore Lechat an „Les affaires sont les affaires“ vum Mirbeau, dem Molière säin „Bourgeois Gentilhomme“. Ausserdeem hunn ech gutt Erënnerungen u Stécker, déi mer méi oft spille konnten. Och am Lëtzebuergesche gouf et Saachen, déi ganz interessant ze spillen waren, wéi z. B. „De Platten“ an och „De laangen Tour“ vum Pol Greisch, dat si Rollen, un déi ech mech immens gär zréckerënneren. An als Regisseur hunn ech immens vill Satisfactioun mam Ionesco, zu deem ech e gudden Zougank hunn. Ech hu viru Joren den „Rhinocéros“ an den „Tueur sans gages“ gemaach an „Le Roi se meurt“, dat war en formidable Plëséier. Den Ionesco ass en Auteur, wou ech d’Gefill hunn, datt ech vill Feeling dervir hunn, wat och de Fall ass beim Beckett. Ech hunn de „Godot“ dräimol inszenéiert an ech kéint en och nach eng véiert Kéier maachen. Dat sinn esou fundamental Texter, fundamental Experimenter an dat ware fir mech grouss Erliefnisser. Am Negative kéint ech kaum eppes soen als Acteur oder als Regisseur, och wann et sécher ëmmer emol erëm Stécker gouf, déi vläicht manner reusséiert waren. An deene 25 Joren hunn ech vill méi Positives wéi Negatives erlieft. 

o.s.: Wéi eng Wierkung kann den Theater beschtefalls op d’Gesellschaft hunn – vläicht (erëm) eng „moralische Anstalt“?

M.O.: Wéi ech méi jonk war, hunn ech geduecht, ech kéint op deem Niveau eppes bewierken. Mee hautesdaags sinn ech total vun där Iddi erof komm. Theater kann ënner gewëssen Ëmstänn eppes bewierken, mee op eng ganz limitéiert, och zäitlech begrenzt Manéier. Mir kënne sécherlech de Leit de Spigel dohinner halen an deem Sënn: Ma da kuckt iech dat do emol wierk-lech un, an da versicht der, e bësschen nozedenken, wat mer domat soe wëllen, op dat mer mam Fanger weisen. 

o.s.: Comédie oder Tragédie, wat läit dem Marc Olinger méi?

M.O.: Do sinn ech ganz parta-
géiert. D’Comédie, also einfach d’Leit un d’Laachen ze kréien, ass net nëmmen eng Satisfactioun fir den Theatermënsch, mee si rifft och eng onwahrscheinlech Dankbarkeet beim Publikum ervir. Ech war ëmmer géint vulgäert Laachen, ech hu versicht, ëmmer an engem gewëssenen intellektuellen Niveau ze bleiwen. An ech denken, datt den Theater den Accent op verschidden allgemeng gülteg Valeure setze kann.

o.s.: Wéi steet de Marc Olinger zum moderne Regietheater?

M.O.: Ech ka mat verschiddene modernen Inszenéierungen näischt ufänken, ech hu Problemer domat. Ech verstinn, datt etlech jonk Regisseuren op déi Manéier
sech eng Plaz verschafen an en Numm maache wëllen. Ech kann dat och novollzéien, awer net appreciéieren. Et deet mer Leed, fir mech ass dat nach just eng Provocatioun gratuite.

o.s.: An dach klappen d’Leit dacks bei deene Stécker, och wann een den Androck net lass gëtt, et hätt hinnen guer net gefall, mee si dierften dat awer no baussen net weisen.

M.O.: An där Hinsicht huet eis Gesellschaft e grousse Problem: Et geet duer, datt eng gewëssen Intelligentsia, ënner Guillemets, eppes lancéiert, zu deem déi meescht net de Courage hunn, fir hir kloer Meenung ze soen. A grousse Kulturen huet ee méi eng ausgeprägte Sträitkultur. Bei eis ass ëmmer e schrecklechen Deckel drop.

o.s: Mat wat fir enge Gefiller geet de Marc Olinger an d’Pensioun als Direkter a wat wënscht hie sech fir d’Zukunft vum Kapuzinertheater?

M.O.: Ech kann net dermat liewen, datt de Kapuzinertheater mam Groussen Theater fusionnéiere soll. Fusioun, dat ass e Begrëff aus der Economie, vun de Banken, déi geet ëmmer au détriment vum deem Klengen. Dat huet mech e bësschen opbruecht.

Datt et am Kapuzinertheater an Zukunft anescht gëtt, ass ganz normal, mee ech fäerten, datt esou, wéi d’Jalone gesat gi sinn, et éischter dorop erausleeft, fir aus dem Kapuzinertheater en drëtte Sall vum Groussen Theater ze maachen, mat Productiounen zwar, mee dee Moment, wou ee selwer keng Productioune méi mécht, ass ee kee Productiounstheater méi. Et soll elo esou goen, datt de Frank Feitler en Appel à candidatures un all Theateren zu Lëtzebuerg mécht an déi Productioune ginn dann am Kapuzinertheater gewisen. An deem Ament ass awer keng richteg Séil, kee Liewe méi hei am Haus. Meng grouss Enttäuschung ass, datt net ee Mann genannt ginn ass, fir d’Successioun z’iwwerhuelen. Ech wär esou frou gewiescht, wann ech hätt kënne mat engem d’Transitioun maachen. Déi 25 Joer kann haut keen dem Lëtze-buerger Theater ewech huelen, wéi et viru geet, kann ech am Ament net soen. Mäi Message un de Frank Feitler wier: Versich, datt eng Séil an deem Haus bleift! Mir hunn an der Vergaangenheet en Knowhow opgebaut, ëm dee mer an der ganzer Groussregioun beneit ginn. Mee de Frank schéngt jo awer do mat sech schwätzen ze loossen fir e minimalen Noyau u Personal hei am Haus ze loossen. Soss lieft dat Haus hei net méi: Et soll op eng aner Manéier virugoen, mee et soll virugoen an de Kapuzinertheater soll keng Dépendance vum Groussen Theater ginn. Ech sinn e bësschen aleng fir dee Combat ze féieren, deen un dee viru 25 Joer erënnert…

 

Interview: Jeff Baden

1 Simone Beck, „Das Kapuzinertheater: Ein neuer Ort für eine alte Kunst“ (forum-Gespräch mit Marc Olinger), „forum“-Ausgabe 77 vom 01.1985, S. 40ff.
(cf. <http://www.forum.lu/bibliothek/ausgaben/inhalt/artikel?artikel=1617>);

2 Cf. <http://news.rtl.lu/news/personnagevunderwoch/
56957.html> (29/01/2010).

 

 


Dateien:
PDF(112 Kb)

94/2010 - Theater

p.  1