19/07/2010 14:37 Alter: 9 yrs

Zëmmer 731

Kategorie: 94/2010 - Theater 94/2010 - Theater
Author:

 

D’Madame Maude Tommes, dem Zänndokter Bobby Tommes vu Kréngel seng Fra, stiermt kuerz virun néng Auer mueres duerch den Hall vum Kierchbierger Hotel Caballero an ass an explosiver Stëmmung. An der Receptioun ass keng Mënscheséil, mä aus dem Lift eraus kënnt an deem Moment e jonkt Meedchen, dat eng Wallis nozitt, zimlech ongenéiert an en Tempos-Nueschnappech pinscht an d’Madame bal ëmrennt.

„Pardon, heescht dat, Joffer!“

„Entschëllegt!“ 

„Wat ass Iech da geschitt?“

„Ech sinn entlooss.“

„’t geet mech jo näischt un, mä firwat?“

„Da’s eng laang Geschicht“, seet d'Meedchen, kuckt datt et laanscht d’Madame kënnt a verschwënnt duerch déi schwéier Haaptdier.

Ob d’Meedchen, e gewëssent Deborah Casadeus vu Plättschett aus der Fusiounsgemeng Molberleeën, dem Maude Tommes déi laang Geschicht ganz neutral verzielt hätt, ass net sécher. Sécher ass och net, datt der Madame Tommes déiselwecht Geschicht, e puer Minutte méi spéit, vum Hotelsdirekter Camille Petit korrekt opgedëscht gouf. Dofir sief a kuerze Wierder niddergeschriwwen, wat geschitt war.

Déi laang Geschicht, déi souwuel der Joffer Deborah Casadeus, wéi och der Madame Maude Tommes hir ass, war domat ugaangen, datt gëschter de Fonsi Apel vu Plätschett an d’Gerti Direndonk vu Schëtzeg bestuet goufen. D’Hochzäitsiesse mat fofzeg Gäscht an och d’Hochzäitsnuecht vum Brautpuer waren am Hotel Caballero virgesinn, a well dat sou war, a well de Fonsi Apel, genee wéi d’Deborah Casadeus, vu Plätschett war, a well de Fonsi Apel am 1. F.C. „Green Boys Molberleeën“ spillt, haten sech dräi vun senge Kollegen eppes Besonnesches fir dem Fonsi seng Hochzäit afale gelooss. De Jim, de Johny an de Jona (dee leschten ass dem Deborah säi grousse Brudder) hunn d’Deborah gebieden, hinne behëlleflech ze sinn, fir onbemierkt an d’Zëmmer vun der Hochzäitskoppel ze kommen, well si deene béide gären eng kleng wéilte stiichten.

Dem Jona seng Schwëster war keng Spillverdierwesch an huet déi dräi iwwerem Hochzäitsiessen heemlech op de 7. Stack an d’Zëmmer vum jonke Puer gelooss an se no enger hallwer Stonn nees genee sou onbemierkt aus dem Hotel geschmuggelt. 

D’Iessen ass mat vill Musek an Danz, Polonaise an haardem Gesank, intelligente Gesellschaftsspiller an zweedeitege Witzen erlaanscht gaangen, a géint zwou Auer an der Nuecht huet de Fonsi Apel säi Gerti Apel, gebueren Direndonk, an hiert schuckelegt Nascht op Zëmmer Nr. 713 gedroen. Iergendwann sinn s’alle béid entschlof, a mueres géint zéng Auer waren se nees frësch a monter, fir nom Kaffi gemittlech heem op Plätschett ze kutschéieren. 

Frësch a monter war den Hotelsdirekter Camille Petit sengersäits net. Vun engem zimlech verstéierte Garçon war hie
géint Hallefnuecht an senger Privatwunnecht um 9. Stack aus dem Bett geschellt ginn. Hie soll rof an säi Büro kommen, et wier eppes „konterbosseges“(sou huet den Egon Moschter, e Garçon vum ale Schlag, sech wuertwiertlech ausgedréckt) geschitt.

Zéng Minutte méi spéit ass de Direkter Petit an sengem Büro a gëtt do vun engem spannebéise Mënsch empfaangen, dee seng Gevuedesch, eng gewësse Joffer Arlette
d’Hetsch vun Arel, net virstellt, mä fir si matschwätzt, well vun där kënnt keen Toun.

„Här Direkter!“, leet dee Spannebéise lass, „mäin Numm ass Tommes, Bobby Thommes, Zänndokter zu Kréngel. Mir hu bei Iech fir zwou Nuechte gebucht, mä mir bleiwen net nach eng eenzeg Minutt. Beméit Iech mol op eist Zëmmer! Do fladdere sechs Flantermais hin an hier! An d’Bett kommt Der net ran, well d’Läindicher express falsch gefaalt sinn! An der Buedbidde schwammen zwou elle Mouken! Wéi mer d’Dier vum Kleederschaf opgemaach hunn, huet sou e blöde Laachsak lassgebläert, an um Schafespigel steet mat Lëppestëft gekrozelt,Dir schlooft jo dach net’! Dat maache mir och net, Här…, Här Direkter! Mir sinn sougutt wéi fort, mä dat do wäert Iech eng Reklamm sinn, verloosst Iech drop! Ass dat do nach dran! A wuer Der Iech d’Rechnung stieche kënnt, wäert der jo wësen. - Viens, Arlette, on déguerpit!“

Si verschwanne mat zwou Wallissen duerch den Hall a Richtung Parking, den Direkter Camille Petit kritt mol net “aps“ ze soen.

Dee steet nach eng ganz Minutt hanner sengem massive Schreifdësch, ier en nees funktionéiert, mä duerno geet et
séier. Mam Egon Moschter moschtert hien d’ganzt Zänndokterzëmmer aus, fënnt datt dee rosenen Zänndokter net iwwerdriwwen huet a léisst vum Egon Moschter rausfannen, wat fir eng Schludder vu Kummermeedche fir déi Katastroph do responsabel ass. Fir den Egon Moschter ass dat eng Klengegkeet, an puer Minutte méi spéit steet d’Deborah Casadeus virun engem rosenen Direkter an deem Zëmmer, dat hatt de Jongen aus sengem Heemechtsduerf opgespaart hat. 

Am Ufank versteet hatt guer näischt. Hatt gesäit wuel, wat d’Borschten hei ugeriicht hunn, iwwerdems him eng Flantermaus an d’Hoer flitt, weess awer och, datt d’Hochzäitskoppel an all déi aner nach ëmmer ënnenan danzen, a fänkt réischt un ze bekäppen, wéi den Här Petit hatt ubrëllt a freet, wéi et méiglech war, datt sou Sauereien hei op Nummer 731, dem Zëmmer vum Här Zänndokter Tommes konnte passéieren. 

731, dem Här Zänndokter Tommes säin Zëmmer? Dat kann dach net sinn! Dann hunn de Fonsi an säi Gerti d‘Nummer 713!

Hatt litt, hatt seet ënner Tréinen, ’t
kéint sech mam beschte Wëllen net virstellen, wat hei passséiert ass, a wien hei opgespaart hätt, mä den Här Direkter vum Caballero faxt net laang: Hatt soll muer de Mueren seng Pabeieren an de Büro ofhuele goen, mä virdrun hei opraumen a kucken, deem Gedéiesch nees lasszeginn, wéi, dat wier him, dem Här Direkter, pipegal.

’t soll kee kommen a soen, d’Ongléck wier net ëmstand, mam technesche Fortschrëtt Schrëtt ze halen. Nach an der
Nuecht, ongeféier ëm déi Zäit, wéi de Fonsi Apel säi Gerti Apel, gebueren Direndonk, op d’Bett dréit, schéckt den Direkter Petit en E-mail op Kréngel. Hien entschëllegt sech nach eng Kéier formell a vu ganzem Häerze bei der Madame a beim Här Zänndokter Tommes fir den Incident, deen hien sech leider nach ëmmer net erkläre kéint. 

D’Madame Maude Tommes, gebueren Dellwo, a vu Beruff Scheedungsaffekotin, huet e liichte Schlof a erwächt, wéi sech niewendrun am Büro vun hirem Bob, en E-mail ukënnegt. Si liest, an am Brochdeel vun enger Sekonnn kapéiert si, datt hire Bob kengeswees op engem Zänndokteschkongress zu Vittel, mä villméi am
Gaang ass, hir Haren opzesetzen.

Ëm aacht Auer ass d’Tommes-Villa verreedelt a verrigelt, a kuerz virun néng steet d’Madame um Teppech virun engem net ausgeschlofenen an extrem genervten Hotelsdirekter. Dee kéint sech mat Kräizer seenen, wéi e mierkt, wat e mat sengem E-mail gestiicht huet, weess awer nach ëmmer net, wien deem ontreien Tommes eng Lektioun verpasse wollt, a ka just dermat optrompen, deem schluddregen Zëmmermeedche gekënnegt ze hunn. 

Dat sëtzt op enger Bänk virum Hotel ze haulen, wéi d’Madame Tommes op hire Porche zougeet. D’Madame zéckt ee Moment, bleift da stoen an dréckt där Onglécklecher en Honnerter mat Visittekäertchen an de Grapp.

„Heit, Joffer! Als klenge Merci! A wann der eng nei Plaz sicht,…“

 

 

 

 

 

Josy Braun


Dateien:
PDF(108 Kb)

94/2010 - Theater

p.  1