21/03/1997 19:17 Alter: 22 yrs

Hien as ganz einfach populär

Kategorie: 54/1997 - Krautmarkt 54/1997 - Krautmarkt
Author:

?Hien as ganz einfach populär Hie steet mat nach aneren um Balcon vun der Chamber, an ënnen an der Strooss as der Däiwel lass. Neen, d'Bauere si lass. Zufouss a mat Trakteren, mat Schwäin a mat Rëndvéi hun se de ganze Kräutmaart an e richtege Bauerentheater verwandelt. Der Polizei hire Megaphon as eng aarmséileg Troter géint all déi Radauinstru- menter, déi do ënnen sou en Hällespëktakel maachen, datt ee mengt, 't wir een zu Jericho. Hie kann an duerf mat Genoss noläusch- teren. Well 't si keng frendlech Saachen, déi se doënnen op hiren Transparenter stoen hun, an déi se deene ropruffen, dei um Balcon stin. Dat geet net geint séng Partei a géint hie perséinlech scho guer nët. An allen Zeitunge steet haut, wat hie gëschter op där leschter grousser Wahlmani- festatioun vun senger Partei gesot huet: ?Mir waren ëmmer eng Natioun vu Baueren, mir hëllefen deenen, clei et nach sin." Perséinlech sin him d'Bauere schäissegal, mä dat geet jo keen eppes un, an e Sonndeg gin s'all stëmmen. Hien trett e Schrack no vir bei d'Balcons-gelänner a wenkt rof. Hie get gesinn, hirer e puer fänken un ze klappen a ?vive den Egon" ze ruffen. Maja!, wer sagt's denn! Seng Partei oder villméi hien als Spëtzekandidat huet de Wand an de Segelen. Natierlech nët nemme bei de Baueren! De Bauereminister sëtzt bestëmmt doheem, de Radio ze läuschteren. Deen traut sech net heihin! Lo ruffen se, ?Pir, komm op d'Dir!" Ha, do kennen se laang jäizen! Gär Of hien zréckruffen, ?de Pir traut sech nët, deen zitt de Schwanz bäi, mä ech si jo hei, ären Egon, eise Spëtzekandidat, äre Mann!" Hien huet de Muere beim ?Cercle" gesinn, datt se d'Plakate mam Pir verhonzt hun; séng net. De Parteicoiffer hat him och zu där neier Frisur geroden, de Parteiphotograph war deier, mä säugutt. Hie spiert, 't as lo zimlech séier riwwer hei. Lo kommen se d'Chamberstrap rop, fir dem President eng Petitioun z'iwwerreechen. Wei wann dat lo virun de Wahlen nach ee Schwäi géif intresseieren. Lo as de Moment, fir rof op d'Strooss ze goen, 't as souwisou gläich Mëtteg an Zäit fir op den Aperitiv. Hie behält recht: Se klappen, wei hien d'Trap rof kennt. ?Vive den Egon!" Hie wenkt a facht engem Bauerelëmmel d'Hand op d'Schëller. Dee laacht mam ganze Gesiicht zreck a mat séngem schaardege Gebess extra. Eng Bauerefra knipst hien; hien zitt den Hutt. Déi do Leit spieren, wat d'ganzt Land scho laang weess: Den Egon as keen Demagog, deen as einfach populär, da's de Mann den um Kommen as. Hie kuckt, datt en äus dem Gewulls kënnt an treppelt an e frësche Koufladder. Alles schein a gutt, mä sou eppes misst verbuede sin. Se sti mat hire Monster-Trakteren a Béischte bis an d'Enneschtgaass. E Flic steet do sech d'Neel ze botzen; dee kennt him jo awer de Wee hei fräi- maachen! Neen, léiwer net, dat kennt falsch verstane gin. Hie spiert, de Kolli vun séngem wäissen Hiem as plätschnaass. Hie bleift bei enger grousser Geschäftsvi- trine stoen, wei wann d'Saachen an der Fënster hie géifen intresséieren. Mä hie kuckt sech selwer an der Fenster. Sou gesäit also e Comingman äus: ugaangs véierzeg, nach kee Bäuch, solariumbrong, en energeschen, mä sympatheschen Zoch am Gesiicht. Do as mei wei e Staatssekretär dran, ënnert engem Minis- teschstull leeft do näischt, Jongen! Hie mierkt lo réischt, datt e virum Schneider Zwack séngem Buttek steet. Do laacht him jo e phantastesche Frack entgéint! Seng Fra wollt schon emmer hun, datt en sech ee keeft; lo muss en ee kafen; spéit- stens an enger Woch. Deen do as net iwwel, egal wat e kascht. Hien huet lo eng ganz verréckten lddi. Firwat soll hien net mol iirgendanzwousch op den Aperitiv gon, wou en nach ni war? Einfach sou, incognito souzesoen, wann dat iwwerhaapt méiglech as. Eng hallef Stonn fir sech hun; genéissen, wéivill Leit hien heemlech bekucken an duerno pësperen an tuschelen. Einfach an e ganz normale Café, da's popular, dat kënnt emmer un. Hie fënnt sou e Bistrot gläich e puer Schreck méi wäit. Bis lo as en emmer laanscht dee gaangen, haut geet en hei ran! Eng zwanzeg Leit sin dobannen, hirer e puer iesse schon de Menü vum Dag. Hien hänkt den Hutt un e Krop a setzt sech hannert en Desch gläich bei der Dir. D'Ser- veuse huet hir Hänn voll ze din, mä se kënnt awer gläich op hien duer. Se gefällt him. Hie laacht se frendlech un. ?E Riesling, wann ech glifft." ?Pardon?" ?Un Riesling, s'il vous plaît, Mademoiselle!" ?Et pour manger?" ?Un Riesling tout simplement." ?Je regrette, Monsieur, nous avons besoin des tables pour manger." Hie kuckt ëm sech, 't huet soss keen dat matkritt. Och d'Patronne dreit him de Réck an as am Gaang, harmed dem Comptoir ze tele- phoneieren. Kee Mënsch hieft de Kapp. Hien hieft sech, helt den Hutt vum Krop an as gläich nees dobäussen. Hien as rosen. Eng Portugisin! Wouhier soll déi hien och kennen? Un den Dëscher souzen och méi wéi sécher läuter Auslänner. Dat get jo well emmer méi schlëmm. Awer haut ka jo egal wien egal wou e Café opmaachen! Hie begéint keng Bauere méi. Hien dreckt den Hutt an d'Stir a geet e Richtung Plësedaarm. Hie muss nees laanscht dee Frack beim Zwack. Hie bekuckt en net. josy braun 17


Dateien:
PDF(287 Kb)

54/1997 - Krautmarkt

p.  1