27/06/1983 11:54 Alter: 35 yrs

Armaçâo de Pera

Kategorie: 13/1983 - Pfaffenthal 13/1983 - Pfaffenthal
Author:

?Zanter enger Stonn leeft di Méck op der plakeger Bir hin an hier; wei opgezunn. Hie wollt ëmmer e Schierm kafen fir drun, en einfache, wäisse Schiirm, mä 't as ni derzou komm; odder ? wann en éierlech as ? well iir-crendeppes an him war, dat him gesot ;met: as nët derwäert. Eb, wou en hei um Bett läit an d'gepaakte Waliss bei der Dir steet, weess hien, datt dat ëmmer an him war: 'T as dach nët derwäert. Armaçâo de Pera. Hien as nach hell waakreg, mä 't as him, wéi wann deen Numm aus enger anerer Welt kéim; besonnesch eb. Wei wäit läit dat alles hannerun him! Déi kleng wäiss Häipen hannert de Jasminshecken, di kleng Stroos-sen, knubbeleg a voller Miersand, di puer Hotelen, déi him, dem Fëscher- bouf, bäibruecht hun, datt d'Welt nach aus eppes aneschtes bestéing, as wei aus sengem Nascht an der Algar-ve, aus de faarwege Fëscherbooter, aus dem Netzerflécken. Wann se kuurz no Sonnenop-gank mat den Traktere koumen an d'Booter erop op de wäisse Sand ge-zunn hun, iwwer geschielte Pinie- stämm, déi vir ënnert d'Boot geluegt an hannen nees seier ewechgezu gou- wen, da stoungen ëmmer schons e puer Friemer aus den Hotele bei der grousser Wo, wou d'Fësch versteet goufen; fir nozekucken an noze- lauschteren, wann deen ale Ricardo, wei aus engem Maschinnegewier d'Präisser erofgesteet huet an d'Fësch biddeweis un d'Familjen, di kleng Fëschrestaurant'en an un d'Hotele goungen. Säi Papp an hien hun dann der Mamm d'Escudoën an och e puer Fësch gin, d'Schwëstere koumen er-bäi an hun eng Hand mat ugepaakt fir d'Netzer ze dréchnen an och ze flécken, 't gouf e Schotz Wäi gedronk an e Maufel giess, an da géint Mëtteg as et heem gaang. De Bacalhau odder d'Sardine- has assadas hu schon an de Gaasse v-roch an iwwerall virun den Häipe souzen d'Fëscher z'iessen; vun deem wat se gefaangen haten. An heinsdo ware Borschten am Duerf, déi aus der Friemd koumen, an déi vu Länner er- zielt hun, wou d'Geld op de Kéip leig. 16 Armaçâo de Pera D'Olivia war dat éischt vun hinnen, dat goung; duerno huet d'Maria säi Bëndel gepaakt. D'Mamm huet all Keier haart ge- krasch, an de Papp huet de ganzen Dag un him erëmgeknoutert. Hie goung als drëtten. Well dem Olivia säi Manuel him Chrëscht-da viru véier Joër erzielt huet, wei et hei wir, an datt hien och beim Manuel séngem Patron ënnerdag kéim. De Papp huet näischt gesot an huet dee Jéngste mat an d'Boot ge- holl. Haut wäerd de Mario der siechzeng sin. D'Méck op der Bir sëtzt zanter e puer Minutten ewei doudeg do; wei wann s'op eppes geing lauren; wei wann si d'Spann wir. E misst d'Luucht einfach ausman; muer gin et Freibiren. Armaçâo de Pera. Hien hat et an den éischte Méint hei bal ganz ver- giess. De Manuel hat recht, 't war vil-les anescht hei, mä 't gouf verdéngt. An 't huet een sech nët eleng gefillt, well hei am Dall huet ee bal keng aner Sprooch héiern, ewei séng eegen. Beim Miguel gouf et Wäi vun doheem an dem Pedro séng Fra hat an hirem Butteck alles wat d'Portugie-sen, d'Spuenier an och d'Italiéiner gebraucht hun. Mä d'Spuenier an d'I- taliéiner waren och schon nëmme méi e Grapp voll; nët zu méi, wei di puer Lëtzebuerger, déi nach hei waren. Hien hat der ni viii kennege-léiert. Op dem Bau war een ënnert sech, beim Miguel gouf nëmme por-tugiesesch geschwat, an do huet hie fir d'éischt erlieft, wei ganz anescht seng Sprooch aus der Algarve ge- klongen huet, wann een se mat däer aus der Géigend vu Porto verglach huet. A Sonndes mëttes stoungen s'op der Breck tëschent deenen zwee Tierm an hun dervu geschwat, datt eb o alles ganz anescht Off, a Portugal. Mä do war nach eppes. Him huet enges Daags d'Mier gefeelt, an d'Sonn. Wann _lie laanscht di heich Fielsen eropgekuckt huet, déi éiweg hire Schiet op d'Haiser heiënne ge-worf hun, da war et him, wei wann s'op eemol getroll kéimen, fir hien ënnert sech ze begruewen. An dann dee Reen, deen deeglaangen, kale Reen! Virun engem Mount as de Papp nët méi heemkomm. Kee wousst, wat mat him dobaussen um Mier geschitt as, huet d'Mamm ge-schriwwen. D'Olivia huet him de Breif virgelies. D'Mamm an d'Olivia konnte schreiwen a liesen. De Mario hätt verzielt, de Papp wir op eemol nët méi am Boot gewiescht. D'Mamm brauch mech, sot hie virun e puer Deeg zum Olivia, an hien huet gemengt, wéi wann de Ma-nuel näischt dergéint hätt, wann e géing. Dee kritt säin Zëmmer eb o be- stëmmt méi deier un en anere weider- verlount. Armaçâo de Pera. Zwee Deeg ënnerwee mam Afonso sengem Bus, dann as en nees doheem. Deemools haten s'all gemengt, hie kéim ni méi zreck. E Méindeg as en nees do. Hie wees nët, op et richteg as, mä d'Mamm geet eb o vir. An dann as och nach d'Joana do, dat yläicht nach nët bestuet as. Wier Joër sin sou eng laang Zäit. D'Bir huet liicht geziddert. D'Méck jauft wei benzeg ronderëm. Kuurz virun Hallefnuecht flitt de "Béinchen" an d'Luucht. De Manuel huet deen Doudege mueres fréi aus dem kapotten Zëm- mer gedron. josy braun


Dateien:
PDF(330 Kb)

13/1983 - Pfaffenthal

p.  1