07/03/2004 17:52 Alter: 15 yrs

Fug

Kategorie: 75/2004 - Hygiene 75/2004 - Hygiene
Author:

?D e Mann huet eng Roulotte um Tipp stoen. D'Roulotte ass en ausrangéiert Gefier vun der Bauverwaltung. Dobanne mécht hien sech op sengem Spirituskocher säin Dëppche waarm. Dobanne wiermt hien sech, wann et haart kennt, d'Hänn iwwert engem Aladin. Meeschtens ass hien do- baussen, waart op d'Drecksautoen, déi den Hank of austippen. Hie klemmt dem Dreck de Rambli of no, huet en Heel, eng Schëpp fir nozehëllefen, heinsdo eng Aaxt, seelen e Reech. Sechs Deeg an der Woch ass hie schwaarz am Gesiicht, onnetz vun den Hänn ze schwätzen. Seng Fanger leie véiereckeg ern den Heelestill. Meeschtens brennt et um Tipp; iergendanzwousch stécht en sech emmer nees selwer un, och am Wanter. Keng Flamen, eng Gloust, déi déif sëffert; en Damp, deen an den Ae bäisst, dee fierch- terlech sténkt, deen am Gezei setzt, deen ni méi rauszekréien ass. Kee gëtt him d'Hand; d'Chauffere vun den Drecksween klamme guer net raus; Privater, clei tippe kommen, si frou, wann se d'Malle vum Auto zouklake kennen, aus dem Bulli raus nees um Makadam sinn. Ënnen am Tälli steet Séigras, gett vum Wouscht emmer nees iwwerschott. Sechs Deeg an der Woch kommen d'Drecks- lawine vun uewe rof. Ënnerem Séigras bruckt Waasser, wei déif, weess keen; 't mouerzt. Raten. De Mann, dee lo just d'Malle vun sengem Mercedes zougemaach huet, kuckt nach eng Keier den Hank roi. Seng véier Kartongskëschte leien deft ennen, si bis an d'Séigras gerullt. Dee Schwaarzen, deen hei den Tipp mécht, ass net an der Géigend. Sécher setzt en an der Roulotte Zeitungen ze liesen, déi dleitwechgehäit hunn. No ënnen an déi Supp klëmmt deen sengerliewen net. A wann, wat wier dann? De Geroch vum Tipp setzt him an der Nues, och nach, wei en déi al Gaardegaloschen am Auto ausdeet; de Gestank setzt bis an d'Lammelen. Hie bedreckst de Buedem vum Auto, ob e weft oder net. Doheem wäert hien d'Galoschen ee fir allemol wechgeheien. Doheem waarden se. Se musse frou sinn, datt hie gemaach huet, wat ze maache war. Maache gelooss huet. Deier genuch war et. Dee Schwaarze vum Tipp schéisst op d'Raten, wann s'et ze bont dreiwen. Hien hält se mam Loftgewier kleng, dat huet e gedréitene Laf. Wann se net gläich vreckt sinn, da päifen se ganz hell, da verschwan- nen s'am Mouer oder se wesse vu Péng net, wuer lafen. Da kennt alt mol eng den Tipp ropgeschoss, bis op d'hallef Heicht. Da schéisst hien no. Hien huet der scho mam bloussen Heel erschlon. Haut gesäit hie fir d'drett eng bei deene Këschten, ënnen an der Sauerei. Déi leien nach net laang do, hie kennt hei all Quadratmeter, och wann den Tipp all Dag anescht ausgesäit. Déi eng Këscht ass schon hallef an der Supp ersoff. Dorower klemmt hien net kucken. De Mann aus dem Mercedes setzt an sengem MO Silo. Wie bei hie went, muss de Wee op den uechtzengte Stack fannen a gëtt da vun senger Sekretärin ofgefaangen. D'Uriff komme fir d'éischt op där hiren Apparat. Si kennt bei hie ran. Si ass wäiss am Gesiicht. Si hätt een um Telefon gehat, deen nees seier opgeluecht hätt. Dee weisst iwwert eng bestëmmte Këscht Bescheed, hätt dee just gesot, si soll dem Här Direkter dat soen. Dee seet näischt, kuckt d'Sekre-tärin ferm an d'Aen a mengt äiseg, si soll him net mat Verrécktene kommen. Si zitt d'Dier nees hannert sech zou. Dat war dee vum Tipp, geet et dem Mann hannerem grousse Schreifdesch duerch d'Träipen. Dee vum Tipp steet am hallwen Hank a reift sech d'Ae mat de blousse schwaarze Fangeren. Den Tipp brennt op e puer Plazen. Wann hien nach weisst, wei dat méiglech ass. Den Damp kräicht wei aus dem Buedem raus, wänzelt niddreg iwwert den Dreck. Wei hien de Kapp hieft, gesäit hien uewen ee stoen. Eenzock weess hien, wat lass ass. Hien hat en net gesi kommen, viru Wochen, mat deene Këschten, fir clei d'Raten sech intres-seiert hunn. D'Raten haten hien um Enn virwetzeg gemaach. An enger Këscht war eng zrassen Enveloppe tëschent alen Zeitungen; mat Numm an Adress. An där Këscht, déi an der Supp louch a schonn hallef opgeweecht war, war eppes aneschtes. Hie klemmt de retschegen Tipp rop, schléit hei an do den Heel an, fir sech ropzezéien. Uewe seet hie kee Wuert. ?Wat häss De gär?", freet deen aneren haart. ?Ech weess net, wat Der mengt", grommelt hie lues a geet laanscht. Deen aneren zitt sech. ?Da so, wat s De wells!", rif-ft deen no. Hien äntwert net. Aus der Roulotte raus gesäit hien de Mercedes fortfueren. Sou gesäit dee vun der Adress also aus. 't muss de Papp sinn. D'Mamm an d'Meedche stinn hannert de Ridoen. En ongewäschene Voyou spadséiert well eng hallef Stonn virum Haus op an of, huet Fassad a Fënsteren am A. ?Wann dä] Papp hei wier, Off deen e verjoen", mengt d'Mamm. ?De Papp weess bestemmt, wien et ass", äntwert d'Meed-chen. ?Komm vun der Fenster wech", seet d'Mamm. ?Ech muss lo goen", seet d'Meed-chen. Baussent dem Haus bleift hatt um Trottoir laanscht d'Villa. Op dar anerer Sä.it steet deen aneren. En huet d'Hänn an den Taschen. Dee mat den Hänn an den Täschen denkt, dat huet nach keng siwwenzéng. ? Del Kuck!", denkt d'Meedchen a leeft bal. Siwe Joer méi spelt klammen Hoch- zäitsgäscht aus dichtege Ween a verschwan- nen am Bauch vum Hotel-Restaurant. Vun dobannen ass Musek ze heieren. Braut a Bräitchemann verloossen hir wäiss Kutsch. De Papp reeft dem Meedchen seng Schleef fir iwwert de Kräsi. Déi dräi laachen a gi laanscht een, deen se net an Uecht geholl haten. De Papp fiert zesummen, wei en déi Stemm hannert sech heiert. ?Se hunn den Tipp zougemaach. Ech hu meng Rent. Ech hat de Raten et wechgeholl, deemools!" D'Meedche leeft d'Trape rop. De Bräitche- mann kuckt op de Schweierpapp. Dee geet der Duechter no. De Bräitchemann steet leng do. Dee Friemen huet sech schonn ern- gedréit. josy braun


Dateien:
PDF(379 Kb)

75/2004 - Hygiene

p.  1