Den Éischte Weltkrich an der Stad

Wéi den Éischte Weltkrich den 2. August 1914 mat dem Amarsch vun den däitschen Truppen iwwer Lëtzebuerg eragebrach ass, sollt et mat deem Lëtzebuerg, wat bis dohinner gutt als Member vum Zollveräin gelieft huet, eriwwer sinn.

Op eemol war näischt méi wéi fréier : an de Wunnquartier’en vun der Stad goufe Beem gefält a Grief gezunn, schwéier Waffen a Feldkichen opgestallt. Et gesouch een iwwerall Uniformen, d’Zaldote goufe bei Privatleit aquartéiert an d’Butteker goufen ëmmer méi eidel. Mir haten ons sécher gefillt an eisem „ewigen Neutralien“, wéi den Ernest Faber a sengem Buch Luxemburg im Kriege 1914-1918 schreift, haten awer net beduecht, dass Lëtzebuerg direkt um Wee vun den däitschen Truppen op d’Westfront géif leien. Een Deel vun den Operatiounen op dëser Front ass am Ufank esouguer vu Lëtzebuerg aus der Aldringer-Schoul aus geleet ginn. Op der Stater Gare goufen d’Quaie méi breet gemaach fir d’Of- an Opluede vu schwéierem Material méi einfach ze maachen, an iwwerall am Gebai vun der Gare louchen Zaldoten op Matrassen a Stréisäck.

Déi national Autoritéiten hunn zwar géint dësen offensichtleche Broch vum Vëlkerrecht protestéiert, hire Protest gouf och zu Berlin ugeholl, gehollef huet et awer näischt. D’Situatioun gouf och net vereinfacht duerch déi onklor Haltung vun der Grande-Duchesse Marie-Adelheid, där spéider virgeworf gouf, si wär den Däitsche vis-à-vis ze vill entgéintkommend gewiescht. Schonn eng Woch no Krichsufank goufen déi éischt Krichsfliger am Lëtzebuerger Loftraum gesinn. D’Awunner vun der Stad Lëtzebuerg sollte vun 1916 bis 1918 permanent Bombardéierungen ausgesat sinn, déi vill Schued ugeriicht an och Mënscheliewe kascht hunn. Ganz besonnesch schlëmm war den Ugrëff 1918 op Clausen, wou zéng Leit gestuerwe sinn. Nach haut erënnere Monumenter un déi Affer, deenen hiren Doud aus der Loft koum.

No an no huet sech och eppes agestallt, wat et bis dohinner net gouf: d’Liewesmëttel goufe knapp an deier. Well Lëtzebuerg offiziell neutral war, krut et keng Liewesmëttel an zwar vu kenger vun de Krichsparteien. Et gouf versicht, Kontakt mat der Schwäiz opzehuelen, awer den Transportwee vun do goung mëtten duerch d’Krichsgebitt. D’Awunner vun der Stad krute Liewensmëttelbonge fir Gromperen, Botter oder Fleesch, well alles rationéiert war. Dozou koum e besonnesch haarde Wanter 1916-1917. D’Leit hu wierklech gelidden, a fir awer genuch z’iessen ze hunn, hunn se sech wann se sech dat finanziell leeschte konnten op dem Schwaarzmaart agedeckt oder sinn op d’Land hamstere gaangen. Si hunn hier Iessgewunnechte missen ëmstellen: no an no goufe Gromperen duerch Ribben ersat, u Fleesch war net méi ze denken, an och Miel war knapp an de Botter deier. Nei Kachrezepter goufen entwéckelt an Ersatzliewesmëttel ausprobéiert. Dës Zäit war och fir d’Frae schlëmm, déi an der Schwéierindustrie rekrutéiert goufe fir déi Männer ze ersetzen, déi op der Front waren. Si hu misse vill physesch Kraaft hunn fir op der Bunn oder an der Schmelz ze schaffen a vill moralesch Stäerkt fir hir Familljen iwwer d’Ronnen ze kréien. Direkt am Ufank vum Krich hat d’Groussherzogin zur Grënnung vun enger Lëtzebuerger Branche vum Roude Kräiz opgeruff, wou keen Ënnerscheed gemaach gouf, op dee blesséierten Zaldot en Däitschen, e Fransous oder e Belsch war. Et sief och nach op eng Fra higewisen, déi aus der Stad koum an déi fir d’Alliéiert Grousses geleescht huet: d’Lise Rischard, déi fir den englesche Geheimdéngscht spionéiert huet.

Di schwéier Liewensëmstänn hunn d’Awunner vun der Stad awer net dovun ofhalen, sech ze ameséieren: et gouf Theater gespillt, Operen uropgeféiert a Baler ofgehalen. D’Satiriker mat der Fieder a mam Pënsel hate vill Sujet’en iwwert déi se de Geck maache konnten, awer wann een d’Literatur aus där Zäit kuckt, mierkt een, wéi schwéier d’Alldagsliewe war. Tagebicher wéi dem Ernest Faber säint oder dem Batty Weber säin Abreißkalender si wäertvoll Zeien vun enger schlëmmer Zäit. Et fält op, wéi grouss di national an di kommunal Autoritéiten géint dem Enn vum Krich gesinn: si plange grouss prestigiéis Gebaier wéi Muséeën oder Schoulen, wuel och fir ze beweisen, dass mer eng eegestänneg Natioun waren a bleiwe wollten.

An dëser Nummer vun ons stad schwätze mer awer net nëmmen iwwer Krich: mir feiere mam Lycée de Garçons um Lampertsbierg seng 125 Joer a mir weisen, wéi schéin d’Auerwierk vun der Méchels kierch restauréiert gouf. Mir stellen e Choix vun Affichen aus der Cinemathéik vir an weisen op „Hard Truths“ hin, eng beandrockend Fotoausstellung vun der New York Times, déi Enn November an de Cercle Cité kënnt.

S.B.